Gegrënnt am Joer 1948 huet de Judo Club Esch eng beweegte Geschicht hannert sech. Als passionéierte President vum Judo Club Esch, zielt den Tom Di Stefano vum Veräin senger Geschicht, hirer moderner Approche zu engem traditiounsräiche Sport an dem Wee fir an d‘Zukunft
Geschicht
Als éischte Judo Veräin zu Lëtzebuerg huet de Judo Club Esch dofir gesuergt, dass Esch-Uelzecht zur Wéi vum Judo zu Lëtzebuerg ginn ass. Aus hinne si weider Veräiner entstanen an trotzdeem waren d’Escher wärend ville Jore schwéier vun de Spëtzeplazen ze verdrängen, a waren esouguer europawäit als „Force de Frappe“ bekannt. 2009 konnt de Judo Club Esch esouguer 1. an der Belscher Championsleague ginn – en Exploit deen et bis elo a kengem anere Sport gëtt.
Net nëmme Judo
2018 huet de Veräi mat enger Ëmstrukturéierung ugefaangen. Obwuel de Judo d’Haaptaktivitéit bleift, ginn an Tëschenzäit och aner Coursen ugebueden. Self-Defense, klasseschen Jiu-Jitsu, brasilianeschen Jiu-Jitsu an Zendokai komplettéieren elo de Beräich vun der Selbstverteidegung fir Jonk an Al. Dobäi kënnt och nach Yoga an Tai Chi, déi et jidderengem erméiglechen sech physesch a mental ze regeneréieren.
Martial Konscht
De Judo ass e „Martial Art“ wou d‘Komponent „Art“ an d’Kultur déi dozou gehéiert gären ze kuerz kënnt. Dofir ass 2018 am Veräin d‘Konzept „Martial Art meets Art“ entstanen. An Zesummenaarbecht mat der Japanescher Ambassade, dem Escher Club Mosïque an anere Gemenge sinn zum Beispill kulturell Evenementer, och am Zesummenhang mat Esch2022, organiséiert gin. Evenementer wei Téi-Zeremonien, Ikebana, Calligraphie, Schiet-Theater an Expositiounen si just e puer vun den Aktivitéiten déi säitdeem reegelméisseg stattfannen.
„Den Erfolleg ass eng Rees“
Dëst Zitat vum amerikaneschen Tennisspiller Arthur Ashe, gehéiert zur Philosophie vum Judo Club Esch an ass e wichtege Bestanddeel vun der aktueller Sportsaktivitéit ënnert dem Numm „Activity Concept 4 You“. D’Erzéiung vun de Jonken, d’Vermëttlung vu wichtege Wäerter, d’Integratioun duerch de Sport an d’Gläichstellung vu Fraen a Männer duerch de Sport spillen hei och eng wichteg Roll. Weider Projete wéi Tabata, Meditatioun a „Contrôle de Soi“ sinn an dësem Kontext och nach a Virbereedung.
Upassung
Judo heescht sech upassen, an ass och an dësem Sënn vu sengem Grënner dem Jigoro Kano 1882 an d’Liewe geruff ginn. Dëst konnt de Judo Club Esch iwwert d’Joren och ëmmer gutt ëmsetzen ouni d’Originalitéit vun hirem Sport ze vernoléissegen. 2023 huet de Judo Club Esch 75 Käerzen ausgeblosen an ass mat enger moderner Approche och fest um Wee fir den nächste grousse Gebuertsdag ze feieren.