Den Escher Kafé – Alternativ & Lokal

Den Escher Kafé – Alternativ & Lokal
Gastronomie

An engem rouege Quartier zu Esch, net wäit vum Parc Laval, fënnt een den Escher Kafé, eng Plaz wou virun allem d‘Wuert Communautéit grouss geschriwwe gëtt. D’Sonja ass och ganz houfreg op seng Clientèle, déi sech reegelméisseg am Escher Kafé erëmfënnt. Zesumme mam Ben, Claude a Lionel, leet d’Sonja vill Wäert drop, dass jiddereen sech am Escher Kafé wuelfillt.

Jidderee ka komme wéi en ass!

Sonja

„Jidderee ka komme wéi en ass,“ seet d’Sonja. „Et ass virun allem e Café wou ee sech einfach kann treffen, ob een elo Leit kennt oder net. Et fënnt een ëmmer eppes ze maachen, oder Leit mat deenen een an d’Gespréich kënnt. Dat gëllt fir jonk an al, an egal vu wou ee kënnt. Mir hunn Noperen déi mol een drénke kommen, Studente vum Belval, eeler Leit, déi ziele wéi se als Kanner nach selwer d’Keelen hei opgestallt hunn, a Familljen, déi mat de Kanner kommen. Et gëtt definitiv net just ee Wuert fir d’Leit ze beschreiwen“

Et fannen och reegelméisseg Events statt, an nieft Concerten, Ausstellungen an Improvisatiouns Theater, gëtt et zum Beispill och de Gebäerdesproochen-Kafé „wou Leit, déi ouni Gehéier sinn oder eng Schwieregkeet mam Gehéier hunn, an den Escher Kafé kommen a mat aneren, och Leit déi grad d’Gebäerdesprooch léieren, üben. Oder et gëtt de Bike-Repair-Kafé, wou ee ka mat sengem Vëlo komme, wou e Problem drun ass, an da kritt ee gewise wéi een e fléckt oder erëm a Stand setzt. D’Iddi ass eben och de Vëlo net direkt ewech ze geheien.“

Lokal Alternativen

Déi Diversitéit vu Clienten, déi sech iwwer Zäit an och duerch déi flott Eventer gebilt huet, ass dem Sonja och wichteg. „Dat mécht och den Escher aus. Et ginn esou vill verschidde Leit déi virun allem och oppe si fir méi alternativ Aktiounen.“ Sou ginn et am Escher Kafé zum Beispill och vill grouss Marke Produiten net, mee méi kleng oder onbekannt Alternativen. „Virun allem och lokal Produiten, wéi den eegene Ben’s Béier oder Äppeljus vu Lampech.“ Och do sicht den Escher Kafé ganz bewosst de Bezuch zur Communautéit.

Den Escher Kafé ass also ganz bewosst e bëssen anescht, mee grad dowéinst fillt den Escher sech hei vläicht och esou wuel. D’Sonja huet sech op allefalls mam Escher Kafé en Dram erfëllt. No Jore wou hat a verschiddene Caféë geschafft huet, ass den Escher Kafé elo genau esou ginn, wéi hat sech dat gewënscht huet. „Ech ka mech un e Moment erënnere wou baussen op der Terrasse jonk Studente Béier gedronk hunn, bannen huet eng eeler Koppel Kaart gespillt an hannen huet eng Famill mat de Kanner um Kicker gespillt. Dat huet mech richteg frou gemaach, an ech hu geduecht, dass dat genau esou ass wéi et soll sinn.“

„Esch, genau esou wéi den Escher Kafé lieft vu senger Varietéit an de ville verschidde Leit déi hei wunnen. Esch ass einfach multikulti, souwuel vun de Leit hier, wéi och vun de kulturelle Plazen hier. E bëssen sou wéi e Stéck Stoff wat aus ville verschiddene faarwege Stécker zesummegebitzt ass an dann e wonnerschéint, grousst Stéck mat ville Faarwen gëtt. Et muss een sech just emol heihin trauen an e bëssen op Entdeckungstour goen, da fënnt een hei zu Esch immens vill flott Plazen.“ Den Escher Kafé ass definitiv ee vun de Geheimtipps ;).