Librairie Diderich – eng Familljegeschicht

Librairie Diderich – eng Familljegeschicht
Gastronomie, Shopping

D’Librairie Diderich ass virun allem eng Familljegeschicht. Als echte Pionéier huet dem Anne Diderich seng Boma 1945, kuerz virum Enn vum 2te Weltkrich, e Bicherbutték opgemaach. Do huet si franséisch Bicher verkaf bis 1964 dem Anne seng Elteren d’Librairie iwwerholl hunn. 1992 ass d’Librairie nach eemol vergréissert ginn an 2018 koum de Café um Eck dobäi. D’Anne Diderich leet de Betrib elo an drëtter Generatioun a ka sech net virstellen eppes anescht ze maachen.

„Ech hu vu klengem un ëmmer an der Librairie gehollef a meng Elteren hu mech deemools no der Schoul gefrot ob ech d’Librairie wéilt iwwerhuelen. Ech hu si du gefrot ob si mir kéinten e Joer Zäit gi fir driwwer nozedenken.“ Iergendwéi wosst d‘Anne awer schonn dass hatt géing jo soen, och wann hatt sech zäitweis fir Innenarchitektur interesséiert huet. „Ech wosst wat et géing heeschen – vill Aarbecht, wéineg Fräizäit – mee d’Librairie ass en Deel vu mir, an ëmgedréint.“

E Geschäft wéi den Diderich leeden heescht och sech ëmmer weider ze entwéckelen. „Et ass wichteg sech ëmmer Gedanken ze maache wat ee ka verbesseren.“ Sou huet d’Anne sech vun enger Librairie an Däitschland inspiréiere gelooss, wou hatt an de 90er Joere geschafft huet, an 2018 koum de Café um Eck dobäi. „De Café ass eng gutt Ergänzung zur Librairie,“ seet d’Anne.

E gutt Buch an eng Taass Kaffi zum Beispill, dat passt wéi d’Fauscht op d’Aen. Am selwechte Geescht huet d‘Anne och bis de 24. Dezember e klengen Eck am Pop-Up Esch. „Do bidde mir am Moment Spillsaachen un, fir ze kucken, ob dat eis Clienten och géing interesséieren.“

D’Anne freet sech iwwer all Kontakt mat de Clienten – ob et elo am Café um Eck ass, am Pop-Up Esch, bei enger Berodung an der Librairie oder an der Papeterie. Dës Berodung ass och en integralen Deel vun der Librairie. „Mir bidden e kuratéierte Choix u Bicher un, deen eis ausgebild Librairen eraussichen. Do fënnt een ëmmer erëm Bijouen déi soss vläicht géinge verluer goen.“ Am Dialog mat de Cliente kann de Verkeefer esou op hir Interessen agoen an si beim Akaf begleeden. „Dat kann en Internet-Site natierlech an där Form net ubidden.“

Dem Anne  ass et och wichteg, dass d’Leit déi Hemmschwell vun der „Kultur“ oder der „Literatur“ iwwerwannen. Sou sicht hatt ëmmer d’Gespréich mat de Leit, vun deenen hatt der vill mam Numm kennt, baut iwwer de Wee vun der Literatur Brécken tëscht sech a senge Clienten, déi vill ënnerschiddlech kulturell Hannergënn hunn. „Esch war schonn ëmmer e grousse Mix vu ville verschiddene Kulturen. Dat ass jo och dat Flott drun.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom