Ici, c’est Esch! – eng Liewensastellung

Ici, c’est Esch! – eng Liewensastellung
Découvrir

#icicestesch huet kleng ugefaangen, e bësse spontan awer mat enger klorer Iddi: Esch an e positiivt Liicht ze réckelen. Et ass en Hashtag, also eng Art Kennwuert wat een an de soziale Medie fräi ka benotzen, quasi eng Zort Etikett fir e Bäitrag op Facebook oder Instagram ze kennzeechnen. Jidderee kann se benotzen an och duerno sichen, an oft stinn se a Verbindung mat enger Mark, oder enger Beweegung. Sou kann een zum Beispill Fotoen déi dozou gehéiere schnell duerchsichen.

Ouni Politik, ouni Hannergedanken, ouni Reklammen oder bezueltem Inhalt; einfach de Leit weisen, dass Esch eng eegen Identitéit, immens vill flott Plazen, Leit an Evenementer huet – dat ass den Haaptgedanken. Iwwer 4100 Abonnenten an iwwer 5000 Bäiträg mam Hashtag #icicestesch op Instagram schwätze fir sech. Den Hashtag ass gewuess a gewuess, an nieft den offiziellen Profiller op de soziale Medie sinn et virun allem d’Escher selwer déi mat hiren Tags zum Succès vun #icicestesch bäigedroen hunn.

Ouni dës lieweg Entwécklung, ouni d’Leit dobaussen, ouni d’Escher, wier dësen Hashtag no knapp 8 Joer net dat wat en haut ass. Et ass zu enger Liewensastellung vu villen Escher ginn, hir Stad ze representéieren an houfereg drop ze sinn. Do héiert een och scho mol Gesang bei ville Sports-Evenementer, ob Fussball, Handball oder Volleyball: „Ici c’est Esch! Ici c’est Esch!“. Et ass och keng Iwwerraschung, dass d’Persoun hannert #icicestesch praktesch vu Recommandatioune platzt. „Et ginn der sou vill, ech ginn dir eng ganz Lescht!“ seet hien eis a wëllt dobäi awer onbekannt bleiwen, och wann zu Esch bal jidderee weess wien dohannert stécht ;).

„#icicestesch soll anonym bleiwen, och wa vill Leit wëssen, dass ech dat sinn. Et soll ouni Gesiicht bleiwen, fir dass et weider wuesse kann, onofhängeg vu mir. Et soll eng Beweegung bleiwen, egal ob elo iergendeen mech gutt fënnt oder net.“ Dofir wëll hien och net fotograféiert gi fir dëse Reportage. „D‘Leit sollen net u mech denken, mee un Esch. Se solle gesi wéi flott Esch ass, a wat et hei alles Interessantes gëtt. Se sollen op kee Fall un eng bestëmmte Persoun denken, mee un eis alleguer, un Esch.“

Et ginn der sou vill.

Dofir fält et #icicestesch och schwéier eis seng Liblingsplazen zu Esch ze verroden. „Et ginn der sou vill.“ Et ass kloer, dass mer hei eng Persoun hunn déi Esch all Minutt lieft an immens gären huet. No engem laange Gespréich iwwer Esch, a virun allem och d’Entwécklung vun Esch a seng Visibilitéit an de Medien, nennt #icicestesch eis dann awer nach e puer Plazen. „Ech wëll kee Favoritismus bedreiwen. Dofir ginn et jo och keng bezuelte Posts op den offiziellen #icicestesch Profiller. Domat fänke mär guer net un.“

A punkto Recommandatiounen nennt #icicestesch eis da quasi alles: „De Pitcher natierlech, mee de Pitcher kennt jo jiddereen. Den Escher Kafé ass och genial. Soss nach de Babbo(caffè), Drupi’s, de Bamhauscafé, d‘Camping’s Stuff, de Bosque FeVi, den Tennis (Il Belvedere), den Ellergronn, d’Kufa natierlech, de Café Casablanca. En anere Geheimtipp am Moment ass de Pizza Enzo, do soutz am Summer all Escher op der Terasse. Yes, We Cook ass och genial, den Diderich Café um Eck, den Dalmat Coffee House. Natierlech de Beet fir z’iessen…“ Et hält net op.

„Wann een eraus wëll geet näischt iwwer de Lavals Park. Dat ass definitiv de beschte Park a ganz Esch. Mee et feelen nach Parken, och wa mir der schonn e puer hunn. Besonnesch wann ee Kanner huet ass de Lavals Park super.“ Jo, #icicestesch huet och Nowuess ;). E bësse sou wéi den Hashtag um Internet, deen ëmmer weider wiisst. „Et geet jo och em d’Zukunft, dass déi Jonk iergendwann mat engem absolut positive Bild iwwer Esch opwuessen.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom