Pâtes Fraîches La Romagna – Tradition au Centre d’Esch

Pâtes Fraîches La Romagna – Tradition au Centre d’Esch
Gastronomie

Frësch Traditioun, säit 36 Joer zu Esch

D’Geschicht vu Pâtes Fraîches La Romagna ass eng Familljegeschicht. Dem Andrea Satiri seng Mamm huet 1984 dëst Geschäft zesumme mam Francesco Gnagni iwwerholl an ugefaange frësch Deegwueren unzebidden. De Francesco ass nach ëmmer d’Séil vu La Romagna. Och wann hie net méi de Jéngsten ass – hien ass awer nach ëmmer deen Éischten dee moies mam Andrea do ass, an dee Leschten dee mat him de Buttek owes zouspäert. Den Andrea huet viru méi wéi 20 Joer senger Mamm hiren Deel iwwerholl, a schafft säitdeem houffreg mam Francesco u senger Wuer.

„Bei Pâtes Fraîches La Romagna kritt dir – de Numm verréit et – frësch gefëllten Deegwuere wéi Canneloni, Lasagne, Gnocchi oder Ravioli.“ Vun Ufank un war et wichteg, dass d’Deegwueren authentesch sinn, an dat spiert een och op der Plaz. Mat vill Passioun zielt den Andrea, dass all Plat op Familljerezepter vu senger Bom berout. Sou kann een also mëtten an Esch e klengt Stéck Traditiounskichen aus Umbrien erliewen. „Alles wat mir maache gëtt frësch deen Dag gemaach, a mir probéieren ëmmer sou vill ze maache wéi gebraucht gëtt, fir dass mir näischt mussen ewech geheien.“

Wann emol eppes iwwreg bleift, dann huelen oft d’Mataarbechter et mat heem, fir dass et net leie bleift. Den Anti-Gaspillage ass dem Andrea wichteg, an de Balance-Akt tëscht genuch Produit fir d’Clienten ze hunn an awer net ze vill um Enn vum Dag iwwreg ze hunn, mécht hie mat ganzem Häerz. Genau sou wichteg wéi den Anti-Gaspillage sinn dem Andrea och d’Ingredienten. Och do geet hie mat voller Iwwerzeegung un d’Saach erun.

„Mir kucke just déi beschten Ingredienten ze verschaffen. De Gros vun deem wat mer esou brauchen, kafe mir lokal bei den Händler an, an dann hu mir natierlech och original italienesch Ingredienten. De Parmesan muss schonn dee Richtege sinn.“

De Succès gëtt dem Andrea och Recht, well net all Buttek kann sou laang bestoen. Un d’Plënneren denkt hien ni. „Pâtes Fraîches ass scho säit 36 Joer an der nämmlechter Strooss hei zu Esch. Mir wëllen och just op enger Plaz bleiwe wou mir alles kënne frësch maachen. Wann ech elo nach e Buttek géing opmaache wou ech just verkafen, da géing noutgedrongen d’Qualitéit vum Produit drënner leiden. Dat geet net.“

Dem Andrea ass et deemno ganz wichteg, dass de Numm vum Buttek och Programm ass, an dass do och net gefuddelt gëtt. Seng Stammclienten zu Esch sinn him dankbar. „Mir hunn een Här hei, dee kënnt all Woch zéng Portioune Lasagne sichen. Scho säit Joren, zwee mol an der Woch, ëmmer fënnef Stéck.“ Net jidderee kann seng Auer no de Clientë riichten, mee genau sou präzis wéi den Andrea seng Wueren zoubereet, wëssen d’Leit genau wat se bei him kréien a wat se wëllen.

„Ech hu Clienten déi scho vun Ufank un heihi komm sinn. Verschiddener sinn an Tëschenzäit Eltere ginn an elo kommen hir Kanner och heihin.“

Andrea Satiri

Den Take-Away System huet sech och wärend der Corona-Kris bewäert. Vill Leit hu profitéiert fir eppes sichen ze kommen an et dann doheem waarm ze maachen. „Et geet ëmmer emol erop an erof. Ech sinn iwwerzeegt, dass och erëm besser Zäite kommen.“ Fir  Pâtes Fraîches La Romagna huet d’Traditioun sech duerchgesat. Fir de Francesco an denn Andrea ass hiert Geschäft en Deel vun hirem Liewen, genau sou wéi Esch selwer. „Esch mat all senger Geschicht a senger Entwécklung ass eng Stad fir d’Zukunft. Déi beschten Zäite kommen nach“. Dëm Andrea an dem Francesco hir Lasagne schmaacht definitiv, besonnesch nodeems e weess wéi vill Escher Häerzblutt an Aarbecht dohannert stécht.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom