Les favoris de… Lola!

Les favoris de… Lola!
Découvrir

Wann ee fir Esch e Guide géing brauchen, da fënnt een net sou séier eng besser Persoun wéi d’Lola Valerius. Zu Esch doheem, kennt hat all Eck a mat Momenter huet een och d’Impressioun hat kennt „all Mënsch“. D’Lola huet eng ganz Rei Liblingsecker zu Esch vun deenen hat eis e bëssen zielt.

„Eng Plaz wou ech gären an der Mëttesstonn higinn ass de Pizza Enzo. Beim Gabi a beim Roberta fillt een sech wéi doheem an et ass ëmmer eng gutt Stëmmung.“ Em Lola gefällt beim Enzo och de grousse Choix, dee vu Pizza a Pasta bis Panini a Glace fir all Goût eppes ubitt. „Eng Valeur sûre ass och d’Postkutsch. Hei gëtt een ni enttäuscht a kritt eppes fir seng Sue gebueden. Fir d’Frënn vum Wäin a Kéis ass dat de perfekte Restaurant a vum Här Magnin gëtt een ëmmer gutt empfaangen a beroden. En absolutte Must zu Esch!”

Wann et awer emol eppes fir den Duuscht soll sinn, da fillt d‘Lola sech och am Pirate zu Lalleng doheem. „Dëst besonnesch nom Training mat menger Ekipp. Do gëtt een ëmmer super empfaangen an d’Eva an d’Jana si wéi Mamme fir eis,“ erkläert d’Lola a laacht dobäi. Soss ass hat natierlech och emol am Pitcher ze fannen. „Hei kennt een ëmmer een an et kann ee bannen oder bausse feieren oder einfach mat de Leit een huelen. Et ass einfach ëmmer eng gutt Stëmmung do!“

“Esch bitt vill flott Weeër wou ee kilometerwäit kann duerch déi schéin Natur vum Minett lafen.”

Soll et awer mol méi roueg hiergoen, dann ass d’Lola och gären an der Natur ënnerwee, „wäit fort vum Trubbel vun der Stad. Ideal fir ze entspanen ass en Tour duerch den Ellergronn oder um Gaalgebierg am Rouseguart. Hei ass een an der Natur an et verléiert een d‘Zäitgefill.“  An der Natur kann een och gutt Sport maachen, woubäi d’Lola dat éischter an der Hal mécht. „Doduerch dass ech Ekippesport maachen, verbréngen ech déi meeschte Stonnen zu Lalleng an der Sportshal. Fir déi Leit déi awer gäre lafe ginn, bitt Esch vill flott Weeër wou ee kilometerwäit kann duerch déi schéin Natur vum Minett lafen.“

Niewebäi verbréngt d’Lola och gären Zäit an der Uelzechtstrooss, virun allem am Summer. „Do kann ech Stonne laang trëppelen oder mech op eng Terrasse setzen an de Leit nokucken. Et ass vill Passage an ëmmer eng lass, et begéint ee vill Kënneger a sou gëtt et engem do ni langweileg.“ Do fënnt een och ee vum Lola sengen neie Liblingsgeschäfter. „Säit neistem hu mer zu Esch de Pop Up Store, wou een ëmmer nees nei, interessant Produite ka kenneléieren. Et kritt ee vu bis a fir jiddereen ass eppes derbäi.“

D’Lola ass insgesamt eng gutt Ambassadrice fir Esch, an hält net op vu senger Heemecht ze schwäermen: „Esch ass meng Heemecht a fir mech déi flottste Platz wou ee wunne kann. De Multikulti hei an der Stad mécht se sou sympathesch. Et huet een alles wat ee brauch an et feelt engem u näischt. Mech kritt hei sou schnell keen eraus. Et kéint ee scho behaapten, dass ech a meng Stad verléift sinn!“ Wann dat keng Libeserklärung ass, da vläicht de Fait dass d’Lola deemnächst seng eege Chocolaterie zu Esch opmécht.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom