Drupi’s Vino & Co. – E gudde Wäin a gudder Gesellschaft

Drupi’s Vino & Co. – E gudde Wäin a gudder Gesellschaft
Gastronomie, Shopping

Fir d’Escher ass et sécher kee Geheimnis méi, mee déi aner kennen e vläicht nach net: den Drupi’s an der Uelzechtstrooss. Als Mixtur tëscht enger klassescher Vinothéik an enger moderner Apero-Bar, ass den Drupi’s mëttlerweil eng beléifte Plaz bei den Escher. Dem Salvatore Pica, Proprietär vum Drupi’s a gebuerenen Escher, war et och ganz wichteg déi zwee mateneen ze verbannen.

„Dat ass och en Deel vun der Iddi, dass een déi Wäiner déi een dann drénkt och ka kafen an ëmgedréint. Eppes wat ee mat Kolleegen op der Terrasse effektiv schmaacht, keeft een da vläicht och éischter wéi eng zoue Fläsch wou ee just d‘Etikett gesäit.“  D‘Mëschung vun denen zwee Elementer ass dem Salva och wichteg, well d’Aarbecht doduerch ofwiesselend ass. „Mëttes hues de da méi d’Vinothéik mat der Berodung vun de Clienten, an Owes ass et dann éischter d’Bar, wou méi Leit sinn.“

De Kontakt deen de Salva do mat de Clienten huet, ass fir hien och dat flottst um Beruff. „Ech si frou wann d’Leit kommen an ech mat hinne schwätze kann. Owes beim Apero kënnt dann och eng flott Ambiance op. Mir hunn och e richteg enke Kontakt mat de Leit, well vill vun hinnen och reegelméisseg erëmkommen, an hei vun Esch sinn. Dann entsteet och méi eng intim Basis. Et ass net wéi an engem grousse Geschäft wou alles méi onbekannt an anonym ass.“ Sou kann hien seng Leidenschaft fir de Wäi mat senge Clienten deelen.

Esou wéi de Salva vu senge Wäiner schwätzt ass et och net schwéier begeeschtert ze sinn: „Dëse Primitivo ass e fruchtegen an elegante Routwäin aus Apulien. En huet e geschmeidëgen Ofgang an ass de perfekte Begleeder fir den Alldag. De Brut Rosé ass e Klassiker den op kengem Apero feelen dierf, mat rengem Perlage a fruchteger Aromatik. Den Amarone ass e Wäin dee spillt ganz uewe mat. Et ass en incontournabele Wäin aus dem Veneto, dee voluminéis a komplex ass, an trotzdeem eng aussergewéinlech Finess huet.“

D’Leit um Salva senger Terrasse fillen sech wuel a komme gären erëm. „Et si Leit vun iwwerall. Vill Escher, oder aus der Ëmgéigend, och emol Frontalièren déi no der Aarbecht e Patt huele kommen an heiansdo och Studente vun der Uni Lëtzebuerg.“ Genau esou also, wéi een et vun Esch kennt. „Eng gutt Mëschung, mee ouni Schickimicki,“ wéi de Salva seet. Déi Diversitéit am Allgemenge gefält him, an et spiert een och dass den Drupi’s eng Plaz ass wou jidderee wëllkomm ass. „Zu Esch ass dat och selbstverständlech.“

„Esch ass eng lieweg Stad déi vill bitt. Mir hunn eng aktiv Geschäftswelt, gutt Restauranten, den Déierepark, den Ellergronn a vill schéi Quartieren. Et ass alles do wat ee brauch fir gutt ze liewen.“ A fir gutt ze liewe brauch een och gutt Leit, a Plaze wou een se treffe kann. Sou versprécht de Salva dann och dass jiddereen den hei um Escher Blog vum Drupi’s liest a bei hie kënnt, e klenge Patt fir näischt kritt. Et gëtt also kee Grond fir net direkt bei de Salva een drénken ze goen!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom