Den Escher Theater – E Bléck hannert d’Bün

Den Escher Theater – E Bléck hannert d’Bün
Culture

Méi wéi 50 Joer Succès

Den Escher Theater huet 1962 d’Dieren opgemaach, dat a Presenz vun der Grand-Duchesse Charlotte, dem Prënz vu Lëtzebuerg an dem deemolege Premier, Pierre Werner. Domadder gouf den éischte Stee geluecht, deen aus dem Escher Theater iwwert méi wéi 50 Joer e grousse Succès gemaach huet. Duerch seng Lag op der Kräizung vun 3 Grenzen, huet den Escher Theater sech konnten als grenziwwergräifenden, multikulturelle Standuert duerchsetzen. Mee wat brauch een eigentlech hannert der Bün vum Theater fir dass en e Succès gëtt?

Als fréier Regisseurin kennt d’Carole Lorang de Beruff hannert der Bün auswenneg a weess wéi vill Aarbecht hannert all Spektakel stécht – ob Musek, Danz oder Theaterstéck.  Laang Zäit huet d’Carole Lorang och seng eegen Theater Compagnie geleet, a weider Erfarung gesammelt. Iergendwann huet hatt sech awer duerno geseent selwer eng Kéier en „Haus“ ze leeden an 2018 ass deen Dram dunn an Erfëllung gaangen. Fréier huet hatt selwer 8 Joer zu Esch gewunnt an huet deemno net gezéckt sech fir de Posten ze mellen.

„Et ass immens spannend hei zu Esch am kulturelle Beräich ze schaffen, besonnesch am Hibléck op Esch2022,“ erkläert d’Carole. Als Direktesch leed hat eng fest Ekipp vun iwwer 30 Leit déi sech ëm de Fonctionnement vum Theater këmmeren. Dat sinn zum Beispill 13 Techniker, déi nieft Luucht- an Tountechniker och nach Schräiner, Usträicher, Maschinisten a souguer e Schweesser ënnert sech zielen. De Rescht vun de Leit schafft am administrative Beräich: Billetterie, Receptioun, Entretien & Nettoyage, Pavillon, Galerie, Accueil a Kommunikatioun, respektiv Relations Publiques.

Pedagogik a Logistik

Et kommen also vill verschidde Beruffer zum Asaz. Zousätzlech ginn et nach 2 Persounen déi am Kanner- a Jugendprogramm aktiv sinn. „De pedagogesche Volet vum Theater ass ganz wichteg, a gëtt och ëmmer méi grouss,“ seet d’Carole Lorang. Sou ginn et pro Saison ronn 55 Schoulvirstellungen. Dës si meeschtens séier ausverkaaft a sinn ëmmer eng flott Zesummenaarbecht tëscht Schoul an Theater. Den Escher Theater schafft dobäi enk mat enger Theaterpedogagin zesummen déi dann och an d’Klasse geet fir den Encadrement vun de verschiddene Stécker ze assuréieren.

Zu gudder Lescht ginn et am Theater nach 2 Leit am Produktiounsbüro. Déi si virun allem mat der Logistik beschäftegt a këmmeren sech ëm d’Kënschtler déi am Theater optrieden. An dat sinn der net wéineg. Pro Saison ginn et ëm déi 50 Spektakelen, verdeelt iwwer 82 Virstellungen. Vill vun de Spektakele gi vu Compagnien opgefouert an déi kënnen, jee no Stéck a Genre (Theater, Musek oder Danz), tëscht 5 a 25 Leit grouss sinn. An deem Kontext schafft den Theater dann och vill mat de lokalen Hoteller a Restauranten zesumme fir dass d‘Kënschtler ëmmer gutt versuergt sinn.

Déi meescht Compagnië bleiwe fir e minimum vun 2-3 Nuechten. Bei den eegene Produktioune vum Theater, oder de Co-Produktiounen, sinn et dann och emol gäre 6-8 Wochen. Dës Kënschtler kommen oft aus Lëtzebuerg, mee och vill aus dem Ausland. Sou ware rezent bekannten international Danz-Spektakelen aus den USA a Brasilien geplangt. D’Reechwäit ass a Punkto Kënschtler also net ze knapp, mee awer och wat déi ongeféier 20.000 Spectateure pro Joer ugeet, déi zu ongeféier 40% aus dem noen Ausland kommen.

Eng Visioun fir d’Zukunft

Fir d’Zukunft huet d’Carole Lorang nach vill Pläng fir den Escher Theater. Virun allem nach méi e grousse Public ze erreechen an nach méi Visibilitéit a Presenz bei de Leit ze kréien, och bei den Escher. Do hëlleft et och, dass am kulturelle Beräich zu Esch vill lass ass. „D’Escher hunn an deem Sënn eng immens Volontéit sech ze fannen. Si hänken un hirer Stad, déi vill Potenzial huet sech wieder z‘entwéckelen ouni hir eegen Identitéit ze verléieren. Dat ass immens spannend.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom