Den Escher Conservatoire – Net nëmme Musek

Den Escher Conservatoire – Net nëmme Musek
Culture

De Marc Tréinen ass scho laang am Escher Conservatoire ënnerwee. 1978 huet hien als Schüler hei ugefaangen, huet Ufank de 90er als Enseignant Coursë gehalen a war spéider an der Administratioun täteg. Säit 2012 ass hien Direkter vum Escher Conservatoire a leed domat eng Ekipp vu ronn 80 Leit, dovunner 60-65 Enseignanten an de Rescht als technescht Personal oder an der Administratioun.

Eng Schoul fir d’Liewen

E „Conservatoire“ muss per Gesetz déi gesamt Bandbreet a punkto musikalescher Ausbildung unbidden. Dozou zielt och Danz an Arts dramatiques. Egal wat d’Schüler studéieren, dem Marc Tréinen ass et wichteg de Schüler eng „gutt gefëllte Wallis“ mat op de Wee ze ginn. Do soll laut him och méi dra si wéi just technesch a praktesch Kenntnisser an der Musek. „De Conservatoire ass och eng Schoul fir d’Liewen. Den tëschemënschlechen Aspekt spillt eng wichteg Roll,“ erkläert hien.

Dozou gehéiere laut him eng ganz Rei Elementer. D‘Proffe sollen zum Beispill eng Virbild Funktioun anhuele wann et geet, an de Conservatoire soll inklusiv a fir jiddereen op sinn. Do ass et dem Marc Tréinen och wichteg dass den Escher Conservatoire vum Image vun der Exklusivitéit ewech kënnt. „De Conservatoire ass fir jiddereen. Et ass net just eppes fir eng bestëmmte sozial Schicht. All Mënsch ass hei méi wéi wëllkomm.“ De Conservatoire bitt net just eng Fachausbildung un, mee ass fir déi Jonk och oft de Nuebel fir sozial Kontakter.

Dobäi erfëllt de Conservatoire och nach eng kulturell Roll. D’Organisatioun vu Concerten an Evenementer gehéiert zu sengen Aufgaben an domat bitt de Conservatoire eng grouss kulturell Offer fir Esch an d‘Ëmgéigend un. Dozou gehéiere virun allem Optrëtter vun den Enseignanten a Schüler, an awer och vu renomméierte Kënschtler aus dem Ausland. Och wann den Escher Conservatoire am Verglach mat aneren éischter „kleng awer fein“ ass, wéi de Marc Tréinen seet, huet en dach mat senger grousser Offer och e grousse regionalen Afloss.

Vill Schüler mat vill Potenzial

Ëm déi 1.000 Schüler besiche momentan de Conservatoire, dovunner gutt 30% Escher an dann ëm déi 50% aus ganz Lëtzebuerg, dobäi awer haaptsächlech aus dem Süde vum Land. Déi rechtlech 20% si Schüler aus dem Ausland, virun allem aus Frankräich. De Conservatoire huet also e grousst Anzuchsgebitt, dat och bis iwwer d’Grenz geet. Vun all deene Schüler maachen der awer just ganz wéineg en Diplôme Supérieur. „Et kann a soll jo och net jidderee professionelle Museker ginn,“ erkläert de Marc Tréinen.

Vun deenen déi den Diplôme Supérieur am Conservatoire ofschléissen, ginn ëm déi 70-80% professionell Museker. Sou zum Beispill den Ernie Hammes, en international bekannten Trompettist, oder de Max Asselborn, och en Trompettist dee säit 2020 an engem Symphonie Orchester zu Stockholm spillt. Sou Success Stories ginn et der vill, och wann déi meescht mat engem Diplôme Supérieur an d’Richtung vum Enseignement ginn, sou wéi de Marc Tréinen selwer.

Als fréiere Schüler vum Escher Conservatoire erënnert de Marc Tréinen sech och gären un seng Jugend zu Esch. „Dat coolst war deemools mam Täschegeld vun der Tata Alice an de Scala ze goen an do an de Placken ze stöberen,“ erzielt hien. An och wann de Scala hautdesdaags keng Placke méi verkeeft, ass de Marc Tréinen nach ëmmer begeeschtert vun Esch. „Besonnesch kulturell fënnt een hei alles, mee och an der Gastronomie gëtt et hei näischt wat et net gëtt. Esch ass vun allen, fir jiddereen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom