Chiche! – Eng solidaresch a kulinaresch Visioun

Chiche! – Eng solidaresch a kulinaresch Visioun
Gastronomie

D’Marianne Donven beschäftegt sech säit 2015 intensiv mat der Flüchtlingsproblematik. A Problematik an dësem Fall, heescht fir d’Marianne ganz konkret de Fait, dass Refugiéë laang Zäit net dierfe schaffe wann si zu Lëtzebuerg ukommen. Am Dezember 2017 grënnt si dunn de Chiche! – e Restaurant mat enger ganz klorer sozialer an solidarescher Visioun –  zesumme mam Pitt Pirrotte, Frédérique Buck an Isabelle Dickes. D’Iddi war ganz kloer, Aarbechtsplaze fir Refugiéen ze schafen, de Leit gutt Iessen ze bidden an am beschte Fall och duerch de kulturellen Austausch den Zesummenhalt tëscht der lokaler Bevëlkerung an de  Flüchtlingen ze verbesseren.

De Succès vum Chiche! huet senge Grënner séier Recht ginn, an am Oktober 2019 sinn si dunn op de Lampertsbierg an e méi grousse Restaurant geplënnert. Esou konnten si méi Leit mat de flotte mediterrane Platen bekachen an zäitgläich nach méi Mënsche beschäftegen. Am Juni dëst Joer, ass en 2te Chiche! zu Esch opgaang. „Dat war am Juni 2020 natierlech alles net esou einfach, a vill Leit hu mech och gefrot ob ech verréckt wier, mee mir hunn et awer gemaach,“ erkläert d’Marianne.

„Et awer maachen“ ass wuel eppes wat gutt bei d’Marianne passt. An enger Zäit wou vill Leit der Migratiounsproblematik mat Negativitéit begéint sinn, huet hatt mat der Initiative „Open Home – Oppent Haus“ wuertwiertlech seng Hausdier fir geflücht Mënschen opgemaach. De Chiche! ass och zu engem Modell fir Integratioun a Solidaritéit ginn an hëlleft op eng flott Aart a Weis, Viruerteeler ofzebauen.

„Esou gesinn d’Leit och dass d’Refugiéeë sech gäer iwwer hir Aarbecht an eis Gesellschaft integréieren, an natierlech schmaachen se déi gutt Kichen. Et ass eng Zort Austausch vu kulinarescher Kultur.“ En Austausch dee bei Esch passt, ewéi d’Fauscht op d’Aen.

Et ass natierlech och dës Kichen déi am Endeffekt de Chiche! ausmëcht, ob elo zu Esch oder um Lampertsbierg. „Et ass ganz mediterran; haaptsächlech eng libanesesch Kichen, obwuel de Kach Syrer ass.“ Nieft verschiddenen Zorte vu Platen mat oder ouni Fleesch, oder souguer vegan, si besonnesch hir Falafele ganz beléift. Wëll am Chiche! alles frësch gemaach gëtt, ass d’Selektioun vu Platen zu Esch e bësse méi kleng. „Eis Tellere si ganz faarweg an et ass fir all Goût eppes do,“ seet d’Marianne.

Et ass awer net nëmmen dat gutt Iesse wat de Chiche! eenzegaarteg mécht, mee och déi solidaresch Komponent an natierlech d‘Ambiance. „Et ass wichteg, dass een sech bei eis wuel fillt.“ Zu Esch ass dës Ambiance och ganz schnell a ganz natierlech entstanen. „D’Leit hei zu Esch si méi jovial a kontaktfreedeg.“ De multikulturellen Aspekt spillt hei sécher eng Roll. Sou huet de Chiche! sech zu Esch scho gutt integréiert, a vill Clientë komme gären erëm.

Och d’Dekoratioun, déi méi op modern Konscht getrimmt ass net vun Zoufall. „Mir wëllen och zur Attraktivitéit vun Esch bäidroen. Hei geschitt eppes, och mat Esch2022.“ Wéi genau de Chiche! do kann hëllefe weess d’Marianne nach net, mee un Motivatioun feelt et him net: „Mir si fir all Schanddot ze hunn!“

Den Escher Chiche! schenkt ausserdem all de Leit déi um Escher Blog dovu gelies hunn an duerno froen eng kleng Limonade oder en Téi. Awer just e Mount laang. Maacht Iech bäi!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom