D’Bibliothéik – En oppent Haus

D’Bibliothéik – En oppent Haus
Culture

D’Tamara Sondag ass vu Formatioun Bibliothecairin a säit 2015 Chef de Service an der Escher Bibliothéik, och nach BESA genannt (Bibliothèque d’Esch-Sur-Alzette). D’Tami koordinéiert eng Ekipp vu 7 Mataarbechter déi sech ëm den administrative Volet këmmeren, upake wa Këschte geschleeft oder Saachen op- an ofgebaut musse ginn an all méiglech Aktivitéite mat jonk an al ënnerhuelen.

D’BESA ass eng vun den eelste kommunale Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, wou de Lieser hautdesdaags iwwer 60.000 Bicher entdecke kann. Gegrënnt am Joer 1892 als Schoulbibliothéik, gouf se 1919/1920 d’Gemengebibliothéik vun Esch. Zënter 1946 fënnt een d’BESA an der rue Emile Mayrisch am fréieren Haus vum Architekt Jean Deitz-Kintzelé.

An eisem Video erkläert d’Tami eis wéi eng Bibliothéik eigentlech funktionéiert, wat si och nach ausserhalb vun hire 4 Mauere maachen, a firwat eng Bibliothéik och 2021 nach wichteg ass.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom