Den Uelzechtkanal – Mat de Schüler hannert de Kulissen

Den Uelzechtkanal – Mat de Schüler hannert de Kulissen
Education & Recherche

Säit méi wéi 25 Joer ass den Uelzechtkanal e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Medielandschaft. Genau wéi deemools schaffen och haut nach Schüler vun 3e bis 1ère aus dem LGE an engem ongewinnt entspaanten Ëmgang mat den Enseignanten um Plangen an der Ëmsetzung vu Fernsee-Reportagen. Wéi dat ofleeft, erklären d’Schüler eis an eisem Video selwer:

Tëscht de Redaktiounskonferenzen, der Aarbecht um Schnëtt an de verschiddenen Tournagë gehéiert och vill Vertrauen zum Cours fir d’Enseignantë Gianni Mersch, Christian Welter a Noémie Borges. D‘Schüler schaffe mat vill Autonomie un de Sujeten déi si interesséieren a schéinen houfereg op déi Verantwortung déi si dobäi dierfen iwwerhuelen. Sou léiere si nieft den technesche Skills, och Saachen déi si am Alldag kënne gebrauchen, egal a wéi eng Beruffsrichtung se spéider wäerte goen.

No engem Mount steet dann eng Sendung vun ongeféier enger Stonn. Wärend d’Leit dobausse sech déi dann ukucken, schaffen d’Schüler scho fläisseg un der nächster Editioun. De Cours dauert zwar nëmmen 2 Stonnen, mee vill vun de Schüler schaffen och ausserhalb vun de Schoulstonnen un hire Reportagen. Als Schüler vum LGE, sinn si natierlech och ëmmer u lokalen Themen interesséiert a wann et eppes zu Esch gëtt wat muss gefilmt ginn, dann ass eng Ekipp vum Uelzechtkanal ni wäit ewech.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom