Blummeland – Am Land vu de klenge Konschtwierker

Blummeland – Am Land vu de klenge Konschtwierker
Shopping

Dem Jo Metzler säi Papp ass säit méi wéi 40 Joer am Blummen- a Gaardegeschäft aktiv. Mat vill Erfarung huet hien d’Blummeland an der Uelzechtstrooss viru ronn 14 Joer opgebaut. De Jo selwer leet d’Geschäft säit 8 Joer an iwwerhëlt ëmmer méi vu sengem Papp senger Aarbecht. Mat vill Engagement suergt hien dofir, dass d‘Blummeland mat hirem Buttek an der Gäertnerei déi och dozou gehéiert, sech weiderentwéckelt an trotzdeem senger Traditioun trei bleift.

„D’Geschäft vum Blummeverkeefer huet sech vill geännert an de leschte Joerzéngten. Hautdesdaags kritt een an all Supermarché an op all Tankstell Blummen ze kafen. Do musse mär kënnen eppes Extraes bidden, fir iwwerliewen ze kënnen“, erkläert de Jo Metzler. D’Blummeland steet dowéinst fir eenzegaarteg Kreatiounen, héich Qualitéit an e ganz besonnesche Stil. „Mär versichen eise Clienten eppes unzebidden, dat si soss néierens kréien.“ D’Ekipp vun ausgebilte Floriste schafft domat konstant un neien, klenge Konschtwierker. „Bei eis ass also kee Produit wéi een aneren. Quasi alles ass eng Aart Eenzelstéck.“

Dem Jo seng Clientèle ass sech deem bewosst. „Eis Cliente wësse wat si sichen an si wësse wat si bei eis kréien. Si kennen eise Stil. Et ass net einfach erauszestiechen aus der Mass, mee all eis 9 Mataarbechter si ganz engagéiert a freeën sech iwwert all Client deen si kënnen zefriddestellen.“ Sou ginn et natierlech net nëmme Blummen am Blummeland, mee och Käerzen, Miwwelen an aner Dekoratiounsobjeten. „Mär versiche fir Jonk an Al eppes unzebidden. Déi eeler Leit sichen oft eppes méi Extravagantes, vläicht eppes Verschnörkeltes an déi Jonk ginn éischter zeréck an d’Einfachheet, vläicht e bësse Vintage mee net ze vill komplex.“

Fir dass de Jo och weess wat seng Clientë wëllen, sicht hien ëmmer erëm de perséinleche Kontakt zu hinnen. „Dat ass mat dat Wichtegst fir mech.“ Als Eenzelhandel stécht d‘Blummeland doduerch och vis-à-vis vun de grousse Châinen a Supermarchéen eraus. „Mär kënne ganz spezifesch op eis Clienten agoen an och eise Service après-vente spillt do eng grouss Roll.“ Do hëlleft et dem Jo och dass hie vill vu senge Stammclientë vun Esch gutt kennt. Seng laang Karriär als Fussballspiller zu Esch, huet him dobäi gehollef.

„Obwuel ech net vun Esch sinn, hunn ech hei praktesch mäi ganzt Liewe verbruecht.“ Als klenge Jong ass hien an de Vakanze Moies mat sengem Papp an de Buttek op Esch gefuer, an huet dann de ganzen Dag mat de Kolleegen zu Esch gespillt. „Ech hu mech hei ëmmer méi wuel gefillt wéi op anere Plazen. D’Leit sinn éierlech, de Multikulti ass cool a wann mol een engem anere seet wéi vill Auer et ass, dann hëlt een engem dat net direkt béis.“ Him gefalen och déi vill flott Butteker déi et zu Esch gëtt. „Wann ee Qualitéit ubitt an eppes Cooles mécht, da klappt dat och. D’Geschäfter zu Esch sinn e gutt Beispill dofir.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom