Fairtrade – Fir eis alleguerten!

Fairtrade – Fir eis alleguerten!
Shopping

Jiddereen huet scho mol vu Fairtrade héieren, oder hir Produiten am Buttek gesinn. Dobäi wësse vill Consommateuren trotzdeem net, wéi wichteg Fairtrade fir déi Leit ass, déi d’Saachen déi mir gären hunn, ubauen a produzéieren. Fairtrade ass nämlech net einfach eng Mark, mee déi eenzeg staark Initiativ géint Menschenausbeutung um globale Marché. Nëmme bei Fairtrade Produiten, ass geséchert, dass d’Produzente fair bezuelt ginn, dass si a faire Konditioune schaffe kënnen an dass si kënne fir sech an hir Famill suergen.

Zu Esch këmmert sech d’Anna Urwald vum Service Ecologique ëm de Projet „Fairtrade Gemeng“. „Dëse Label kritt eng Gemeng just, wann si sech fir de fairen Handel asetzt, deen op enger nohalteger Entwécklung baséiert“, erkläert d’Anna. Dofir muss d’Gemeng verschidde Konditiounen erfëllen. „D’Grënnung vun engem Aktiounsgrupp an d‘Sensibiliséierung a punkto fairen Handel an de Schoule vun der Gemeng gehéiert zum Beispill dozou.“

D’Gemeng soll och bei all Geleeënheet passend Fairtrade Produiten ubidden. Dobäi ass et dem Anna awer och wichteg op lokal Produiten zeréckzegräifen, wann déi Méiglechkeet besteet. „Soss funktionéiert dat mat der Nohaltegkeet jo net.“

„Zu de Fairtrade Produiten, gehéiert awer och en héije Qualitéitsstandard, dee beim Thema oft iwwersi gëtt“, erzielt d’Anna. „Sou mussen all d’Fairtrade Produzente sech un divers Critèren halen, zum Beispill a punkto Nohaltegkeet an Ëmweltfrëndlechkeet. Si dierfen zum Beispill keng genmanipuléiert Wuer produzéieren.“ Ausserdeem, ginn déi Produzenten déi biologesch, also ouni Pestiziden, produzéiere mat engem bessere Präis fir hir Produite belount. Eng Fairtrade Gemeng ass also och eng méi gesond Gemeng.

D’Escher Gemeng steet awer nach am Ufank vun dëser Entwécklung, woubäi de Bierger zu Esch schonn eng Rei Fairtrade Produite fënnt. Sou bitt zum Beispill de Babbocaffè Fairtrade Kaffi un, a verschidde Patissieren, wéi de Jos et Jean-Marie an de Fischer, hu Produiten déi zum Beispill mat Fairtrade Schockela hiergestallt ginn. An da gëtt et natierlech nach de Weltbuttek, wou all d’Produite Fairtrade sinn an d’Mataarbechter benevole schaffen. „Mir hoffen, dass an Zukunft nach méi Geschäfter änlech Fairtrade Produiten ubidden, fir dass de Bierger nach méi e grousse Choix huet.“

D’Panoplie u Fairtrade Produiten déi et ginn, ass nämlech grouss, a beschränkt sech net nëmmen op Kaffi, Schockela a Banannen. Elleng zu Lëtzebuerg gi ganzer 336 Fairtrade Produiten hiergestallt, also Produite mat Fairtrade Ingredienten. A beléift sinn d’Produite souwisou. „An enger rezenter Etüd zu Lëtzebuerg, hunn 8 vun 10 Bierger uginn, dass Fairtrade méi ënnerstëtzt soll ginn“, erkläert d’Anna weider.

Vläicht iwwerzeegt dat jo deen een oder anere Buttek, e puer Fairtrade Saache mat a säi Sortiment opzehuelen. Oder frot emol selwer an ärem Liblingsbuttek no, ob si näischt vu Fairtrade hunn. Vun méi Fairness op der Welt, profitéiere mir schliisslech alleguerten.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom