Facts & Figures – Wosst där schonn…?

Facts & Figures – Wosst där schonn…?
Le saviez-vous?

Zu Esch gëtt et vill ze dinn a vill z’entdecken. Dat trëfft awer net nëmmen op déi flott Butteker, Caféen, Restauranten sou wéi kulturell an edukativ Ariichtungen zou, mee och op vill Fakten an Zuelen zu eiser Liblingsstad.

Mir verëffentlechen iwwer déi nächst Wochen eng Rei vun interessanten Informatioune ronderëm d’Stad Esch op eisem Facebook an Instagram Kanal. Natierlech kënnt Där dës Informatiounen och hei noliesen. Kommt reegelméisseg erëm, well dësen Artikel gëtt konstant mat de neie Fakten an Zuelen op de neiste Stand gesat.

Wéi vill Leit wunnen zu Esch? Wouhier wosst Där dat? Zu Esch wunne 35.382 Leit aus 121 verschiddene Länner. Dobäi ginn et ganz e bësse méi Fraen, wéi Männer.

 

Combien de personnes vivent à Esch ? Comment l’avez-vous su ? Esch compte 35.382 habitants de 121 pays différents. Il y a également un tout petit peu plus de femmes que d’hommes.

Wéi grouss ass Esch? Gutt geroden! Et si 14,35 km2. Ganzer 50.000 Leit besichen d’Stad Esch all Dag, de gréissten Deel dovunner fir ze schaffen.

 

Quelle est la surface d’Esch ? Bien deviné ! C’est 14,35 km2. 50.000 personnes visitent la ville d’Esch chaque jour, dont la plupart pour travailler ici.

Hei gëtt gebaut! Zwee fonkelnei Quartieren entsti grad zu Esch, d’Rout Lëns an de Quartier Alzette. Insgesamt wäerten do kënnen 13.200 Leit wunnen.

 

Ici, on construit ! Deux nouveaux quartiers résidentiels sont en cours de construction à Esch, le quartier Rout Lëns et le quartier Alzette. Au total, 13.200 personnes pourront y vivre.

Hei gëtt geschafft! Iwwer 1.500 Entreprisen an 32.000 Aarbechtsplazen hunn zu Esch hire Sëtz. Vill vun hinne befanne sech an enger vun den 3 Zones d’Activités: Zare, Monkeler oder Sommet.

 

Ici, on travaille ! Plus de 1500 entreprises sont basées ici à Esch avec un total d’environ 32.000 emplois. Beaucoup d’entre elles sont situées dans l’une des 3 zones d’activité : Zare, Monkeler ou Sommet.

De Campus Belval mécht Esch zur Stad vun der Wëssenschaft, mat 3 Fakultéiten, 4 Recherche Zentren an iwwer 6.000 Studenten, dovunner méi wéi 50% aus dem Ausland.

 

Le campus de Belval fait d’Esch la ville des sciences, avec 3 facultés, 4 centres de recherches et plus de 6.000 étudiants, dont 50% d’étudiants internationaux.

E Sprangbriet fir déi ekonomesch Entwécklung – Zu Esch ginn et ganzer 4 Inkubatore fir Start-Ups: Facilitec, House of Biohealth, Technoport an den Inkubator vun der Uni Lëtzebuerg.

 

Un tremplin pour le développement économique – Vous trouvez quatre incubateurs pour les jeunes entreprises à Esch : Facilitec, House of Biohealth, Technoport et l’incubateur de l’Université de Luxembourg.

Zu Esch gëtt vill gebueden! Hei ginn et iwwer 50 Infrastrukture fir Sport a Fräizäit, an 223 Associatiounen, dovunner 91 Sportsveräiner.

 

Il y a plein à faire à Esch ! Vous y trouverez plus de 50 infrastructures de loisirs et de sports, et 223 associations dont 91 clubs sportifs.

Zu Esch léiert een eppes! Hei ginn et 12 Crèchen, 14 Maisons Relais, 8 Grondschoulen, 6 Lycéeën an eng international Schoul.

 

À Esch, on apprend quelque chose ! On y trouve 12 crèches, 14 maisons relais, 8 écoles fondamentales, 6 lycées et une école internationale.

Hei geet et där gutt! Nieft den 2 Spideeler, engem Altersheim an dem grousse Südspidol deen no 2025 soll ageweit ginn, gëtt et zu Esch och vill Gréngs: iwwer 5 km2 Zones Vertes, dovunner 2,94 km2 Naturreservater.

 

Tu es bien ici ! Outre les deux cliniques, la maison de retraite et le Südspidol qui ouvrira ses portes après 2025, il y a aussi beaucoup de nature à Esch : plus que 5 km2 de zones vertes, dont 2,94 km2 de réserve naturelle.

Fir jiddereen ass Plaz! Wie mam Auto op Esch kënnt, fënnt ganzer 13.500 Parkplaze verdeelt op 4 Parkhaiser.

 

Il y a de la place pour tout le monde ! Si vous venez à Esch en voiture, vous trouverez 13.500 places de stationnement dans 4 parkings couverts.

A punkto Mobilitéit, ass Esch mat vir bäi! Mat 2 Garen, 2 Flughäfen an der Emgéigend an direktem Accès op d’Autobunn, ass een hei ëmmer gutt verbonnen.

 

En matière de mobilité, Esch est à l’avant-garde ! Avec 2 gares ferroviaires, 2 aéroports à proximité et un accès direct à l’autoroute, vous êtes toujours bien connecté.

Esch ass Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Dorop kann all Escher houfereg sinn an sech dorop freeë wat hei alles deemnächst wäert gebuede ginn.

 

Esch est la Capitale européenne de la culture 2022. Tous les Eschois peuvent en être fier et se réjouir de ce qui sera proposé ici très prochainement.

Esch ass zesumme mat der Minett Regioun Deel vum Unesco „Man and Biosphere“ Label – eng Etikett déi eis ganz Géigend opwäert an déi mär mat Stolz droen.

 

Avec la région de Minett, Esch fait partie du label Unesco « Man and Biosphere » – un label qui valorise toute notre région et que nous portons avec fierté.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom