Voyages Flammang – Vun Esch aus rondërem d’Welt

Voyages Flammang – Vun Esch aus rondërem d’Welt
Entrepreneuriat & Innovation

De Berny Ley ass Direkter vu Voyages Flammang an huet déi leschte 25 Joer an der Firma verbruecht. No sengem Studium zu Tréier huet hie bei Voyages Flammang ugefaangen. Deemools war seng Aufgab virun allem verschidde Projeten ëmzesetzen, sief dat an der Informatik oder an der Organisatioun. Lues a lues ass hie méi an d’Direktioun eragerutscht an huet sech schliisslech entscheet Parte vu Voyages Flammang ze kafen a Partner ze ginn. Säitdeem ass hie fest am Betrib verankert.

„Als Direkter si meng zwou Aufgaben d’Organisatioun vun de verschiddenen Tâchen, fir dass jidderee weess wat en ze dinn huet, an dann haaptsächlech People Management. Dat heescht d’Leit geréieren déi hei schaffen an déi richteg Leit fir op de richtege Posten ze fannen. Dat ass d’Haaptrezept fir dass et gutt leeft“, erkläert de Berny Ley. Niewebäi kommen awer och ëmmer erëm aner organisatoresch Tâchen, wéi och Marketing a Kommunikatioun op hien duer.

Voyages Flammang bitt alles un, wat mat Tourismus a Richtung Ausland ze dinn huet. Vum Ticketing fir all Destinatiounen a Pauschalreese bis à la carte Reesen ass alles dobäi. Voyages Flammang huet awer och hir Spezialitéiten. Dat si virun allem Croisièren, mat hirem eegenen Tour Operator „Neptun Cruises“ an dann och nach Club Med Reesen. „Mir si mat eiser Offer breet opgestallt, wat e wichtegen Atout ass fir dass mir de Clientë kënne sou vill wéi méiglech ubidden.“

Dëse grousse Choix ass wichteg fir de Clientë gerecht ze ginn. „Et geet ëmmer drëms emol erauszefanne wat de Client sicht, wat e wëll oder och wat en net wëll. Heiansdo weess de Client et selwer net, an heiansdo huet en eng ganz konkret Iddi.“ D’Reesagente mussen also gutt trainéiert sinn, engersäits fir sech geographesch auszekennen an och wat alles vu Reese méiglech ass, an dann natierlech fir den Echange mam Client ze féieren an hien ze guidéieren.

„De Client weess haut vill méi wéi fréier. Hie kann sech um Internet am Detail informéieren, wou et fréier just Reesguiden a Reportagen dofir goufen.“ Dëst stellt e moderne Reesbüro natierlech virun nei Erausfuerderungen, besonnesch well d’Offer um Internet och grouss ass am Tourismus Beräich. „Eis Stäerkt ass, dass mir dem Client kënnen Expertise a Flexibilitéit ubidden, déi et esou am Internet net ëmmer gëtt. Mir kënnen d’Clientë genau beroden an hinnen duerch eise groussen Accès als Reesagence och vill méi Méiglechkeete bidden.“

All dës Aufgaben an Erausfuerderunge ginn am Haaptbüro vu Voyages Flammang zu Esch koordinéiert. Voyages Flammang ass nämlech am Joer 1949 vun den zwee Flammang Bridder zu Esch gegrënnt ginn. Déi zwee Bridder hunn iergendwann de Betrib verkaf. D’Firma behält trotzdeem de Lien zu Esch bäi, mat hirer Zentral déi hei gutt etabléiert ass, a wou och zum Beispill Neptun Cruises momentan situéiert ass.  Ausserdeem hunn si natierlech nach e Reesbüro zu Esch. Dat ass eng vun am Ganze 14 Agencen am Land, mat insgesamt ëm déi 100 Mataarbechter.

Fir de Berny Ley ass Esch ewéi e grousst Duerf. „Mir gefält dass een d’Leit hei kennt an een sech och erëm fënnt. D’Escher sinn Escher an dat ass och gutt esou.“ Och wann hie vill vu senger Zäit zu Esch verbréngt, zitt et hien och ëmmer erëm fort. Net nëmmen als Beruff ass Reesen seng grouss Passioun. „Duerch d’Welt reesen a Leit kenneléieren ass wat mech am meeschten inspiréiert. Mir sinn all e bëssen d’nämmlecht, an awer och anescht. Den Echange ass wichteg an ëmmer erëm flott.“ Wat seng Liblingsplaze sinn? Do zéckt de Berny Ley net: „Bangkok, Berlin Esch“.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom