Technoport – Vun der Minn an de Weltraum

Technoport – Vun der Minn an de Weltraum
Entrepreneuriat & Innovation

Den Diego De Biasio wosst schonn op der Uni wat hie spéider wéilt maachen. Wärend sengem Studium an de Sciences Economiques huet hien eng Aarbecht iwwer Innovatiouns-Systemer a klenge Länner geschriwwen. Säin Hannergrond als Lëtzebuerger huet hien dobäi sécherlech inspiréiert. No enger éischter Aarbecht beim Centre de Recherche Public Henri Tudor, ass den Diego 2001 bei den Technoport komm. „Déi konkret a variéiert Aarbecht mat interessante Leit déi eppes wëlle beweegen, war genau dat wat ech gesicht hunn. Ech hat d’Chance, dass ech bal vun Ufank u konnt dobäi sinn“, erkläert den Diego, dee säit 2012 och Direkter vum Technoport ass.

„D’Missioun vum Technoport ass et Entrepreneuren am technologeschen an innovative Beräich z’ënnerstëtzen. Dat Ganzt ass onofhängeg vun der Zort vun Technologie, dofir si mir an deem Sënn breet gefächert“, explizéiert den Diego. Dës Ënnerstëtzung setzen si baséierend op 3 Achsen ëm. „Als éischt bidde mir den Entreprisen e Coaching an eng Rei vu Servicer un fir si z’informéieren an ze trainéieren. Den zweeten Deel ass eist grousst, internationalt Netzwierk u Kontakter, wat zum Beispill bei der Ëmsetzung vun Iddien zum Asaz kënnt. An zu gudder Lescht hu mir natierlech d’Infrastruktur déi mir hinnen ubidden, zum Beispill fir Büroen hei um Belval.“

„D’Missioun vum Technoport ass et Entrepreneuren am technologeschen an innovative Beräich z’ënnerstëtzen. Dat Ganzt ass onofhängeg vun der Zort vun Technologie, dofir si mir an deem Sënn breet gefächert“, explizéiert den Diego. Dës Ënnerstëtzung setzen si baséierend op 3 Achsen ëm. „Als éischt bidde mir den Entreprisen e Coaching an eng Rei vu Servicer un fir si z’informéieren an ze trainéieren. Den zweeten Deel ass eist grousst, internationalt Netzwierk u Kontakter, wat zum Beispill bei der Ëmsetzung vun Iddien zum Asaz kënnt. An zu gudder Lescht hu mir natierlech d’Infrastruktur déi mir hinnen ubidden, zum Beispill fir Büroen hei um Belval.“

Den Technoport ass 2012 nämlech op den deemools nach ganz jonke Belval Campus geplënnert. Zu deem Moment ass den  Technoport  eegestänneg ginn, an deemno sinn si och net méi vum Staat subventionéiert, mee schaffen op eege Käschten. „Dëse Wiessel an d’Plënneren op de Belval huet eis méi Autonomie a Kapazitéit ginn. Mir hunn hei méi Plaz wéi fréier. Ausserdeem, profitéiere mir natierlech vun der Proximitéit zu der Uni Lëtzebuerg an den aneren Acteuren hei um Site. Dat ass schonn e grousse Bonus, wou an Zukunft och ëmmer méi Kooperatiounen entstinn.“

An der Geschicht vum Technoport fënnt een och schonn eng ganz Rei Succèsen. „Dee bekanntsten ass wuel Talkwater. Eis Zesummenaarbecht huet bei engem Treffen op engem Grillfest vum Technoport ugefaangen. Hautdesdaags schaffe bei hinnen ëm déi 350 Leit, mat Büroen op der ganzer Welt.“ Aner Succèse sinn och nach RCDevs, déi héichwäerteg Sécherheetsproduiten ubidden oder Tadaweb, déi fir hir User déi onstrukturéiert Mass un Informatiounen am Internet an eng Struktur bréngen.

„Vill vun den Entreprisen déi hei entstinn, bleiwen dann och an der Géigend oder zumindest zu Lëtzebuerg“, erzielt den Diego wieder. Sou dréit den Technoport och zur lokaler an nationaler Wirtschaft bäi. Zousätzlech sinn si ganz aktiv op internationale Kongresser, EU-Projeten a Foren, wou si Lëtzebuerg representéieren. „Dat gëtt eisem Land nach eng zousätzlech Attraktivitéit a Visibilitéit, nieft dem Talent wat duerch d’Start-Ups heihinner bruecht gëtt.“ Vun de ronn 160 Demanden déi den Technoport am Joer kritt si 37% international Demanden an 12% aus der Groussregioun. De Rescht kënnt aus Lëtzebuerg.

Fir den Diego ginn et zwee Highlighten aus der Geschicht vum Technoport. Een war wéi si fir hiren 20. Gebuertsdag 2018 e groussen internationale Kongress organiséiert hunn, mat ongeféier 650 Leit aus dem Inkubator Beräich. „Deen anere war natierlech wéi mir 2012 op de Belval geplënnert sinn. De Mega-Projet Belval huet e risege Potenzial an d’Stad Esch ass fir eis en treie strategesche Partner deen eis ëmmer ënnerstëtzt.“ Dem Diego selwer gefält et besonnesch gutt um Belval an hien huet och Racinnen zu Esch, sief et duerch d’Famill oder Bekannter, déi a senger Jugend an der Minettmetropol geschafft hunn.

Als Direkter vum Technoport freet sech den Diego natierlech besonnesch iwwert déi spannend Projeten déi an Zukunft nach komme wäerten. „Mir schaffen do un enger Kooperatioun mam Luxembourg Institute of Health an den Luxembourg Centre for Systems Biomedicine a Saachen Healthtech, dat heescht Technologie aus dem Gesondheetsberäich. An dann developpéiere mir och mam LIST eng Zesummenaarbecht a punkto Weltraumfuerschung, wat och immens faszinéierend ass.“ Esou faszinéierend wéi d’Geschicht vun Esch, déi a kuerzer Zäit vun der Minn an de Weltraum féiert.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom