De Pierre Poensgen wosst scho mat 12 Joer, dass hie wéilt Optiker ginn. „Engem Kolleeg säi Papp war Optiker an ech hunn dat faszinant fonnt. Ech selwer hat och e Brëll an hunn déi Iddi flott fonnt, fir de Leit ze hëllefe besser ze gesinn,“ erkläert de Pierre. 1982 huet hien dunn och seng Léier am Buttek ugefaangen, deen hien 1989 als Meeschter iwwerholl huet. „Dat war eng grouss Erausfuerderung mat 24 Joer, mee et war genau dat wat ech wollt.“
Optique Poensgen ass nach e richteg traditionellt Optiker Geschäft. „Mäi ganzt Personal sinn ausgebilten Optiker. Hei fënnt een also net just Vendeure wéi an de grousse Chaînen,“ preziséiert hien. Ëm Pierre ass nämlech d’Fachwëssen an d’Handwierk genau esou wichteg, wann net esou guer méi, wéi d’Wuer déi hie verkeeft. „Mir hunn natierlech och just déi beschte Marke vum Marché, déi et deelweis soss och néierens am Land gëtt, mee déi fachgerecht Berodung vum Client ass genau esou wichteg.“
D’Handwierk selwer spillt dobäi eng grouss Roll. Optique Poensgen huet eng vun de beschten a modernste Maschinne fir eng Brëlleglasbestëmmung ze maachen déi et um Marché gëtt. Dëst erméiglecht héichwäerteg Prezisiounsaarbecht a méi Confort fir d‘Clientë bei der Berodung. De Knowhow vu senger Ekipp suergt och dofir, dass si alles genau op Mooss kënne maachen an e puer exklusiv Produite kënne verschaffen. Sou kritt een zum Beispill exklusiv Wuer aus Büffelhorn, déi och op Mooss verschafft gëtt.
Beim Choix vun de Produiten an de Marken, leet de Pierre vill Wäert op Haltbarkeet. „Den Trend a Richtung Wuer, déi een no kuerzer Zäit ewech gehäit an ersetzt, wëll ech net matmaachen. Dat ass fir mech de falsche Schrëtt, besonnesch hautdesdaags wou Nohaltegkeet wichteg ass. Wann dir bei eis eppes kaaft, dann hält dat och eng laang Zäit.“ Dem Pierre seng Clientèle schätzt des engagéiert Approche zum sengem Beruff. „Eis Clientèle ass majoritär eng Stammclientèle, déi hiert ganzt Liewe bei eis kënnt. Vill vun hinne komme scho sou laang wéi mir do sinn.“
Fir d’Zukunft hofft de Pierre, dass hien säi Geschäft nach laang ka weider féieren. „Ech hoffen dass mir nach laang do sinn an esou kënne weiderfueren, wéi bis elo, mat neie Produiten a guddem, professionellem Service. Dat ass dat Wichtegst.“ Als Escher, gesäit de Pierre seng Zukunft och definitiv zu Esch. „Eis Clientë sinn zu 99% Escher an Esch ass eng attraktiv, villsäiteg Stad mat immens vill Pouvoir fir ze wuessen an sech weider z’entwéckelen.“ Et brauch een also kee Brëll fir z‘erkennen, dass Optique Poensgen och an Zukunft nach fest zu Esch, an der Uelzechtstrooss, verankert ass.