CIGL Esch – Solidaresch staark!

CIGL Esch –  Solidaresch staark!
Découvrir

Et gëtt wuel keen Escher deen nach net iergendwéi mam CIGL (Centre d’Initiative et de Gestion Local) Esch a Kontakt komm ass, och wann ee sech et vläicht net ëmmer bewosst ass. Wat ass de CIGL Esch dann eigentlech genau? Wat si seng Aufgaben a seng Aktivitéiten? De Carlos Breda, säit 15 Joer beim CIGL Esch, a säit 12 Joer Coordinateur général, steet Ried an Äntwert iwwer d’Villfältegkeet an de Notze vum CIGL.

De CIGL Esch huet ganz konkret zwou Haaptmissiounen. An éischter Instanz ass de CIGL Esch eng sozial Beschäftegungsinitiativ. „Dat heescht, dass mär eng Begleedung Richtung Aarbechtsmarché ubidde fir Leit déi méi schwéier ze placéiere sinn. Dat kënne Leit sinn déi krank waren oder sinn, déi scho méi laang am Chômage sinn oder zum Beispill am Prisong waren.“ No engem Entretien an enger Auswäertung vumParcours an dem Potenzial vun der enzelner Persoun,gëtt eng Aart Kontrakt mam CIGL gemach. Mat dësem Kontrakt engagéieren d’Kandidaten sech dozou sech drunzeginn, fir erëm an d’professionellt Liewen eranzefannen.

Am grousse Ganze schaffen ëm déi 250 Leit beim CIGL, dovunner sinn der ongeféier 60 fest ugestallt an de Rescht sinn Aarbechtssichender.. „Si kommen dann an engem vun eisen 10 Servicer zum Asaz. Dat kann am Kader vun enger Formatioun zum Educateur an enger Crèche oder Maison Relais sinn, beim Service deen den Entretien vun den Espaces Verts mécht, oder an der Brasserie Camping’s Stuff um Gaalgebierg, jee no Kompetenz vun der Persoun“. Effektiv sinn d’Servicer déi de CIGL ubitt ganz villsäiteg. Si sinn zum Beispill och fir de ganze Service vum Vel’OK zoustänneg, den Espace 4U, de Geméisguart an eng Rei vu nohaltege Konstruktiounsprojeten.

All dës Servicer hunn och eppes gemeinsam, wat der zweeter Missioun vum CIGL entsprécht: den Déngscht um Bierger. „Sou wéi eise Slogan et seet – vos besoins, nos projets – sinn all eis Servicer drop ausgeluecht e gewësse Besoin an der Gesellschaft ze fëllen, deen vun der Martwirtschaft oft iwwersi gëtt. Meeschtens huet dat domat ze dinn, dass et net rentabel ass.“ E gutt Beispill dofir ass de « Service à la personne » vum CIGL Esch. Hei geet et drëms Leit déi alters- oder gesondheetsbedéngt hëllefsbedürftëg sinn am Alldag ze hëllefen. Dat ka botzen, strecken, akafe goen oder Änleches sinn. „Besonnesch wärend der COVID-19 Pandemie ass dëse Service ganz wichteg gewiescht,“ erkläert de Carlos Breda.

Als Associatioun aus der Solidarwirtschaft, stoppt de CIGL Esch quasi gewësse Lächer an der Gesellschaft. Engersäits ginn déi Leit begleet, déi et schwéier hunn erëm op den Aarbechtsmarché ze kommen, an anerersäits kréien d’Bierger an der Regioun gehollef. „All eis Projete sinn och op Nohaltegkeet ausgeluecht. D’Geméis aus eisem Geméisguart gëtt lokal verkaf an de Vel’OK suergt fir eng ëmweltfrëndlech mobilité douce wou et se soss vläicht manner géing ginn.“ Sou hannerléisst de CIGL konsequent positiv Spuere wou en aktiv ass. D’Schwieregkeet dobäi ass de Balance-Akt tëscht dëse verschiddene Voleten.

„De groussen Challenge an der Organisatioun ass et flexibel ze sinn an ëmmer op de Besoin vun de Bierger kënnen ze reagéieren, a gläichzäiteg eis de Kompetenze vun eise Mataarbechter unzepassen. D’Fro déi och ëmmer wichteg ass, ass wat brauch den Aarbechtsmarché an Zukunft? Um Terrain hunn eis fest Mataarbechter ëmmer zwou verschidde Kapen un. Engersäits suergen si dofir, dass d’Aktivitéit gutt ofleeft an anerersäits këmmere si sech em den Encadrement vun den Demandeurs d’emploi. Do sinn also och gewësse Skills a punkto Coaching gefrot.“

Fir de Carlos Breda ass et eng Aarbecht, déi him ganz vill zeréck gëtt. „Dat schéinst ass ëmmer wann ech Leit gesinn, déi bei eis komm sinn well se net méi schaffe konnten an déi elo erëm eng Aarbecht hunn an op feste Been stinn.“ Ausserdeem, ass de soziale Volet vis-à-vis vun de Bierger vun Esch him och immens wichteg. „Ech mengen Esch brauch eis, esou wéi mär och Esch brauchen. Op déi Aart a Weis hëllefe mär eis géigesäiteg – solidaresch – sou wéi dat soll sinn. Et gëtt ëmmer besser an déi gemeinsam Solidaritéit vermëttelt e schéint, positiivt Bild vun eiser Stad, Esch.“

Wann Där méi iwwert de CIGL Esch wëllt gewuer ginn, da kënnt Där Äech per Email op info@ciglesch.lu mellen.