Reckinger Peinture & Décors – Mat Faarf an d’Zukunft

Reckinger Peinture & Décors  –  Mat Faarf an d’Zukunft
Shopping, Entrepreneuriat & Innovation

Vu klengem un dobäi

De Christoph Reckinger ass Direkter vu Reckinger Peintures & Décors. Hien huet direkt no sengem Bauingenieur Studium 2014 ugefaange bei Reckinger Peinture & Décors ze schaffen, nodeems hie schonn als Kand am Betrib opgewuess ass. Virum Christoph hu säi Papp a säi Monni de Betrib geleet a an him och e gudde Bagage mat op de Wee ginn, deen hien net aus dem Kapp krut. Lues a lues huet hien säit senger Arrivée am Betrib ëmmer méi Aufgaben iwwerholl an ass säit Ufank 2021 elo Direkter.

„Als Chef ass een de Mann fir alles. Et hält een dat Ganzt zesummen”, erzielt de Christoph, deem seng Aufgaben sech haut virun allem ronderëm d’Strategie an d’Personal dréinen, ouni awer den Daily Business ze vernoléissegen. Hie leet eng Equipe vu 50 Leit, dorënner Usträicher, Buedemleeër, Trockenbauer, eng Néiesch, administrative Staff an e puer Léierbouwen. Seng talentéiert Ekipp erlaabt et him dynamesch op all Defi ze reagéieren. „Eis Flexibilitéit ass eis grouss Stäerkt, ob et e klengen oder e grousse Chantier ass. Mär kucken ëmmer sou gutt wei méiglech, dass alles klappt, an dass kee muss op eis waarden.“

Reckinger Peinture & Décors ass zanter Generatiounen e Familljebetrib. 1946, kuerz nom Krich, huet dem Christoph säi Bop, de François Reckinger, d’Firma gegrënnt. Aus dem klenge Geschäft vun deemools ass e mëttelstännege Betrib ginn. „An der Zäit gouf et zu Esch vill méi Usträicherbutteker an haut si mer warscheinlech ee vu ganze wéineg klenge Butteker am Land, déi nach déi Wuer verkafen.“ D’Opkomme vun de Grande Surfacen huet de Business Modell staark verännert. Trotzdeem well de Christoph hir traditionell Clientèle net opginn.

Eng natierlech Entwécklung

Haut bitt Reckinger Peinture & Décors, nieft dem Geschäft an der rue Victor Hugo, Servicer am Beräich Ustrach, Buedemleeën, Rideau an Trockenbau un. De Buttek gëtt haut virun allem als Show Room genotzt. „Hei  kënnen d’Leit alles kucken, upaken, an si kréien hei och eng detailléiert Berodung.” E neien Trend an dem Reckinger Peinture & Décors sech och gutt auskennt ass Akustik. A ville moderne Gebaier ginn et net méi esou vill Teppecher wei an der Zäit, an da muss de Schall am Raum aneschtes ofgefaange ginn.

Trotz den Erausfuerderungen hautdesdaags, kuckt de Christoph positiv an d’Zukunft. „D’Demande ass héich, mee mer mussen déi richteg Leit fanne fir den Job ze maachen. Mer maache vum klenge Keller bis zum grouss Spidol alles, dat kënne Privatleit, grouss a kleng Firmaen oder ëffentlech Entitéite sinn.” Och mat enger online Presenz déi em Christoph wichteg ass, funktionéiert fir Reckinger nach ëmmer vill iwwer de Bouche à Oreille. E gudden Deel vun de Clientë kennt vun Esch oder aus dem Süden, Cliente déi wéi de Christoph seet „mat zwee Féiss um Buedem stinn“.

Fest am Süde verankert

Sou ass och Reckinger Peinture & Décors fest am Süde vum Land verankert an ass säit 1946 an der Escher Viktor Hugo Strooss Doheem. „Esch bedeit Heemecht, souwuel fir de Betrib wei och fir mech an huet mech a mäi Charakter geprägt”, erkläert de Christoph. Hien kann sech nëmme schwéier virstelle mat sengem Betrib net méi zu Esch ze sinn. Fir hien huet Esch, mat senger räicher Geschicht an Orientatioun Richtung Zukunft vill ze bidden. „D’Stad Esch huet vill Potential“, seet hien. Genau sou wéi e klenge Familljebetrib vun 1946.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom