D’Konschthal – Eng Dier an eng aner Welt

D’Konschthal – Eng Dier an eng aner Welt
Culture

De Christian Mosar ass zu Esch gebuer an huet an den 80er a 90er vill Nuechten zu Esch an der KuFa (KulturFabrik) verbruecht. Hautdesdaags verbréngt hien awer éischter seng Deeg zu Esch, an zwar an der fonkelneier Konschthal, wou hien den Directeur artistique ass. An dëser Roll ass hie fir d’Programmatioun hei an am Bridderhaus zoustänneg, a freet sech momentan iwwert déi aktuell Ausstellung „Schaufenster 2“ an dann natierlech déi grouss Ouverture vun der Konschthal Enn 2021.

Eng Plaz fir jiddereen

„D’Konschthal soll eng Plaz gi wou jidderee sech ka wuel fillen. Et geet wuel primär ëm modern Konscht, mee et wäert een sech och einfach hei treffe kënnen zum Beispill. D’Iddi vum Espace dee mär hei hunn, a wéi e vum Public ka benotzt gi spillt do eng wichteg Roll.“  Effektiv spillt hei d’Lokalitéit vun der Konschthal och eng wichteg Roll. Mëtten am Stadkär soll si zu enger Plaz ginn, wou déi lokal Communautéit mat der Konscht ka verschmëlzen. „Mär leien hei op engem perfekte Punkt. Et ginn 3 Velöspiste laanscht, de neie Quartier Rout Lëns entsteet net wäit vun hei, an d’Uelzechtstrooss ass just em den Eck.“

Et geet an der Konschthal also ëm méi wéi just Konscht, mee virun allem ëm d’Leit a wéi si dës kënnen am Gebai erliewen. Fir dem Public eppes ze bidden, schafft de Christian fläisseg um Programm a sicht souwuel international, national wéi och regional Kënschtler aus. „D’Gebai soll fir d’Leit wéi eng Dier an eng aner Welt sinn. Jidderee soll kënne Konscht an engem flotten, flexibelen an dekontraktéierte Kader erliewen. Et ass an deem Sënn och eng Aart Quartiersaarbecht, änlech wéi d’Nuit de la Culture zum Beispill.“

E Bléck an d’Zukunft

Fir de Leit en Avant-Goût op d’Konschthal ze ginn, fënnt vum 24. Abrëll bis den 13. Juni déi zweet Editioun vun der „Schaufenster“ Ausstellung statt. „D’Iddi war fir de Leit ze weise wat een hei ka maachen, a wuertwiertlech eis Vitrinnen ze benotzen.“ Sou stellen hei een internationale Kënschtler, de Xavier Mary, an e nationale Kënschtler, den Eric Schumacher, hir Skulpturen aus. Den Eric huet dës Skulpture souguer am Atelier vun der Konschthal erstallt, wou hie wärend enger Residenz schaffe konnt.

Den Eric Schumacher huet sech no sengem Konschtstudium zu Bréissel an zu Edinburgh op d’Arts plastiques spezialiséiert a beschäftegt sech virun allem domadder wéi de Mënsch mam Espace urbain interagéiert. „Ech wollt eppes bausse maachen, sou eng Aart Intervention architecturale. D’Gebai vun der Konschthal selwer ass wéi e Monument an ech wollt dat mat menge Monolither honoréieren. De Schrëftzuch ass aus ale Verpackungen hiergestallt a sollt d’Leit iwwerraschen an eventuell eng gewësse Konfusioun kreéieren.“ Besonnesch frou ass den Eric och driwwer dass hie fir seng Kreatioun carte blanche krut, a komplett fräi konnt schaffen.

De Christian Mosar kuckt och schonn op déi drëtt Ausgab vun der „Schaufenster“ Ausstellung déi kuerz virun der grousser Erëffnung vun der Konschthal soll stattfannen. „D’Programmatioun bis Januar 2022 steet scho fest, a mär hunn do e puer grouss a spektakulär Expoe geplangt. Et geet ëmmer ëm Art contemporain, a mär freeën eis drop d‘Bierger vun Esch awer och vun ausserhalb hei kënnen z’empfänken.“

Als een deen sech ëmmer zu Esch higezu fillt, an sech hei wuel fillt, ass de Christian houfereg mat der Konschthal en Deel vun der Escher Entwécklung ze sinn. „Mär stinn hei um Ufank vun enger ganz schneller, positiver Transformatioun déi d’Kultur als Moteur vum Fortschrëtt gesäit. Fir Esch, kann dat nëmme Guddes bedeiten.“