Danzschoul Sara Eden – Eng grouss Famill

Danzschoul Sara Eden – Eng grouss Famill
Sport

Vun England op Lëtzebuerg

Eigentlech ass d’Sara Eden jo aus St. Helens, England. Do huet hatt schonn als klengt Meedche gedanzt a seng Mamm huet hatt du prompt mat 4 Joer an eng Danzschoul ageschriwwen. Mat 11 Joer koum d’Sara an eng professionell Danzschoul, a spéider souguer an Danzschoulen zu New York an zu Barcelona. „Eigentlech sinn ech ganz zoufälleg op Lëtzebuerg komm. Ech war gefrot gi fir eng Danzproff wärend 3 Méint ze ersetzen. Den Zoufall wollt, dass ech net méi fortgaange sinn.“

Danzen ass fir d’Sara säi Liewen. Et erméiglecht him sech auszedrécken a senge Gefiller fräie Laf ze loossen. Fir hatt war et doduerch ganz fréi kloer, dass hatt aus senger Passioun säi Beruff maache wéilt. „Eng Danzschoul war fir mech de perfekte Wee fir meng Leidenschaft a mäi Wësse kënne virun ze ginn. Ech hätt mech iergendwéi och ni an engem anere Beruff gesinn.“ 1997 war et dunn sou wäit an d’Sara huet seng Danzschoul zu Esch gegrënnt.

Am Moment ass dem Sara seng Danzschoul e bësse verspreet an huet keng fest Plaz. Hatt sicht awer weiderhin no enger Lokalitéit, virun allem fir wann erëm e bëssen Normalitéit an d’Liewen zeréck kënnt. Do dobäi kënnt natierlech déi Aarbecht, déi hatt als Cheffin vun der Danzschoul iwwerhëlt: administrativ an organisatoresch Aarbechten; Danzcoursen am klassesche Ballet, Jazz a Claquette leeden; eng Ekipp vu 7 Leit koordinéieren an heiansdo och emotional Aufgaben.

Course fir jiddereen

Dem Sara seng Danzschoul bitt Coursë fir Grouss a Kleng un: Klassesche Ballet ab 4 Joer , Modern Jazz ab 8 Joer, Claquetten ab 8 Joer , Hip Hop ab 8 Joer, Pilates. Fir d’Sara ass et wichteg dës grouss Offer kënnen unzebidden, sou begleet hatt verschidde Schüler vu 4 Joer bis an hiren erwuessenen Alter. „Fir mech ass d‘Danzschoul mäin Doheem a mäin Een an Alles, mäi klenge Bijou. Ech hu scho verschiddene Schülerinnen hier Kanner rëm am Cours a hunn hei Frëndschafte fir d’Liewe fonnt. Et gi Leit mat deenen ech schonn 20 Joer hei zesummen danzen. Mir si wéi eng grouss Famill.“

Ausserhalb vun de Covid-Zäiten, kann een dann och reegelméisseg Optrëtter vum Sara senge Schüler genéissen. Hir Optrëtter am Escher Theater sinn zum Beispill ëmmer ausverkaaft. Dobäi kommen nach reegelméisseg Galaen, d’Nuit de la Culture (2012-2017), de Concours vun der d’Conféderation Nationale de Danse, a villes méi. Dem Sara seng ronn 350 Schüler aus dem ganze Land an der Groussregioun waren also konstant gefuerdert.

Fir d’Sara, ass a bleift Esch do wou alles ugefaangen huet, déi éischt Danzschoul, och wann hatt nach net weess wou et hatt no der Pandemie hi verschléit. Hatt hofft natierlech kënnen zu Esch weiderzemaachen. „D’Escher hunn ee grousse Virdeel, si halen ëmmer zesummen a fannen sech ëmmer erëm. D’Kultur hei huet sech vill entwéckelt an huet vill ze bidden. Et ass eng ideal Plaz fir eng Danzschoul.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom