Den Dino Pinto huet eigentlech eng Léier an der Vente am audiovisuelle Beräich gemaach an och an der Zäit an deem Beräich geschafft. Hien war awer gläichzäiteg ëmmer scho ronderëm de Fussball ganz aktiv an huet sech ëm d’Websäit vun engem Fussballveräin gekëmmert, wou och Merchandise verkaf ginn ass. „Dat huet mir dunn d’Iddi gi mech an deem Beräich selbstänneg ze maachen“, erzielt hien.

D’nächst Joer feiert hie mam Stadome och schonn de 15. Gebuertsdag. D’Loscht op eppes Neies huet hien deemools ugedriwwen an esou konnt hien seng Passioun fir de Fussball mat sengem Beruff verbannen. „Ech hu mir geduecht et wier flott dat an engem Buttek ze verkafe – alles wat mat Fussball ze dinn huet“, erkläert hien. Haut ass Stadome net nëmmen op Fussball-Accessoire spezialiséiert, mee bitt och ëmmer méi Moud un – Lifestyle Sportswear. „D’Demande no Sportsgezei, wat een och am Alldag kann undoen, gëtt ëmmer méi grouss, an do hu mir och eng ganz flott Selektioun fir eis Clienten.“

Seng Stammclientë vergësst den Dino dobäi natierlech net. „Natierlech ass alles wat ee fir de Fussball brauch nach ëmmer eis Spezialitéit, och wat de Futsal a Street Soccer ugeet, mee mir entwéckelen eis och ëmmer e bësse weider.“ Ugefaangen huet hien nämlech haaptsächlech mat Fan Artikele vun 3 grousse portugisesche Veräiner. Demande ass awer ganz schnell an d’Luucht gaangen, an et koumen ëmmer méi Veräiner dobäi. „Méi spéit koum dunn och eben d’Sportsbekleedung dobäi, déi hautdesdaags ganz beléift ass.“

Sou këmmert den Dino sech dann ëm de Choix vu neie Produiten, d’Gerance vun der Ekipp vu 5 Leit a villes aneres. „Ech maachen e bëssen alles. Am Moment schaffe mir och un enger neier Internetsäit an da fält natierlech ëmmer och déi administrativ Aarbecht un.“ Him gefält d’Aarbecht op der Plaz, mam Client, mee och d’Weiderentwécklung vum Geschäft ze leeden. „Professionaliséierung spillt eng grouss Roll. Stadome kritt e neit visuellt Konzept, mat engem Site deen automatesch mam Stock vum Shop verbonnen ass.“ Sou hofft hien sech och an Zukunft kënne vun der Konkurrenz ofzehiewen.

Seng loyal Clientèle ënnerstëtzt hien dobäi. „Déi meeschte Clientë komme ganz cibléiert heihin. Si kenne Stadome gutt a bleiwen eis trei. Déi meescht vun hinne sinn och éischter lokal.“ Dat passt dem Dino awer ganz gutt an de Krom. „D’Escher sinn direkt, loyal a korrekt Leit. An d’Stad Esch huet méi ze bidde wéi déi meescht Leit mengen. Se stécht voller Iwwerraschungen. Do bleiwe keng Wënsch oppen.“ Genau sou wéi wann et ëm Fussball am Stadome geet.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom