De Kamellebuttek – Feier a Flam fir d‘Konscht

De Kamellebuttek – Feier a Flam fir d‘Konscht
Culture

Den Daniel Mac Lloyd huet als klengt Kand scho gäre gemoolt. An der Primärschoul ass dunn säin Interessi fir Streetart, respektiv Graffiti, erwächt ginn. Fir de jonke Bouf, war dat eppes Spannendes, eppes Cooles, an hien huet prompt seng eege Wierker mat Stëft a Pabeier kreéiert. „Ech sinn awer dunn iergendwann zum richtege Graffiti iwwergaangen, an hunn dat relativ schnell mat klassescher Konscht a Collage verbonnen. Virun e puer Joer sinn och Skulpturen derbäikomm“, erkläert den Daniel.

Viru bal 3 Joer ass och nach eppes anescht derbäikomm. Zesumme mam Raphael Gindt, huet den Daniel am September 2018 de Kamellebuttek opgemaach. Dem Raphael seng Groussmamm huet am haitege Kamellebuttek gewunnt a wéi si huet missen an d’Altersheim, hunn déi zwee jonk Kënschtler dat ganzt Haus renovéiert. „De Raphael hat virdru schonn säin Atelier hei a mir hunn dunn zu zwee alles selwer gemaach fir eng Galerie aus dem Haus ze maachen. Dat war vill Aarbecht“, erënnert den Daniel sech.

Am Ufank war de Kamellebuttek virun allem e Showroom fir hir eege Kreatiounen, mat engem Atelier, wou si konnte schaffen. No a no sinn du Wierker vun anere Kënschtler a Kolleege bäikomm. „Et sinn ëmmer Leit, déi mir op déi eng oder aner Aart a Weis kennegeléiert hunn. Dofir ass de Kamellebuttek och net eng klassesch Galerie mat strenge Kontrakter, et baséiert alles op enger méi dekontraktéierter a kollegialer Basis.“ Ganz wichteg ass et dem Daniel an dem Raphael och ëmmer lokal an international Kënschtler zu gläichen Deeler ze mëschen. „Sou kënne mir en Deel dozou bäidroen déi lokal Konscht a Valeur ze setzen.“

Eng aner wichteg Missioun fir déi zwee Kënschtler ass et hiert Wëssen an hir Passioun weiderzevermëttelen. „Mir brenne fir dat wat mir maachen a wëllen dat Feier un déi nächst Generatioun weiderginn.“ Sou maachen si reegelméisseg Atelieren a Projete mat Jugendlechen, zum Beispill aus Jugendhaiser oder an Zesummenaarbecht mat de Lycéeën. „Do schaffe mir dann zum Beispill mat Spraydousen a weisen hinne wéi dat funktionéiert, oder mir maachen sou Saache wéi Virtual Reality Graffiti, wat och ganz flott ass“, erkläert den Daniel begeeschtert.

Aktuell fënnt och eng ganz spannend Ausstellung am Kamellebuttek statt, déi COronArt heescht. Hei stellen 32 Kënschtler aus dem Land eng Aart Retrospektiv zu engem Joer Coronavirus aus. „Dat ass awer guer net esou depressiv wéi ee kéint mengen. Mir hu ganz divers a villsäiteg Kënschtler a genau sou sinn och hir Wierker. Do sinn och mol witzeg Saachen dobäi, Saachen iwwer d’Natur, ee krut e Kand, asw. Et ginn also ganz verschidde Bléckwénkelen. Et geet vu Molerei, iwwer Fotografie bis bei Installatiounen. Et ass also definitiv derwäert laanscht ze kommen!“

Och fir d’Zukunft huet de Kamellebuttek vill Pläng, mee ze vill wëll de Raphael dozou net verroden. „Et geet op allefalls drëms nach méi Kultur op Esch ze bréngen an och déi lokal Kultur méi an d’Welt ze droen.“ En Effort deen definitiv sollt belount ginn. Fir den Daniel ass awer all Besuch am Kamellebuttek Belounung genuch. „Et komme Leit vun iwwerall, aus der Groussregioun a vun all Alter. Heiansdo kommen och d’Kanner aus der Noperschaft, déi wëllen d’Biller kucken, wat och super ass.“

An d’Noperschaft gefält dem Daniel och, obwuel hie selwer zu Klierf opgewuess ass. Besonnesch d’Escher hunn him et ugedoen. „Et gi lauter gutt Leit hei. Si sinn onkomplizéiert, direkt, transparent a frëndlech.“ Dës Oppenheet gefält dem Daniel am Beschten, sou dass hie sech mëttlerweil zu Esch doheem fillt. „Ech fannen de Kamellebuttek passt och perfekt heihinner. Mir sinn och net esou glat an hunn eis Ecken a Kanten. Eng Galerie mat Charakter fir eng Stad mat Charakter.“ Dat ass dach emol eng staark Kombinatioun.

Exposition COronArt

17 APR – 10 JUL

Méi Info: www.kamellebuttek.lu/exhibition/

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom