Institut de Beauté Anne – Vu Kapp bis Fouss versuergt

Institut de Beauté Anne – Vu Kapp bis Fouss versuergt
Bien-être

Mat 15 Joer eng Léier ugefaangen

D‘Anne Allard huet mat 15 Joer eng Léier als Estheticienne ugefaangen. No a no huet hatt déi vill Facette vum Beruff, wéi zum Beispill d‘Pedikür, d‘Manikür an d‘Epilatioun kennegeléiert. „Mir huet dat alles vun Ufank u gefall, besonnesch och déi medezinesch Pedikür, wou een de Leit kann hëllefen, déi verschidde Problemer mat de Féiss hunn“, erkläert d’Anne. Nodeems hatt seng Léier ofgeschloss hat, huet hatt e puer Joer bei sengem Patron geschafft. 2008 schlussendlech huet d’Anne sech selbstänneg gemaach an den Institut de Beauté Anne gegrënnt.

Eng Ekipp mat ville Spezialitéiten

Viru 4 Joer ass säin Institut vergréissert ginn, sou dass hatt mat senger Ekipp vu 4 Estheticiennen an engem Léiermeedche kann all méiglech Servicer ubidden. „Mir bidden all déi klassesch Servicer un wéi Pedikür, Manikür, Soins visage, falsch Neel, Massagen, Reflexologie, Epilatiounen, asw. Do hu mir alleguer eis Spezialitéiten.“ Sou ass dem Anne seng Ekipp op alles virbereet an ëmmer bereet de Clienten ze hëllefen. Nieft dem Anne senger Ekipp, kënnt och reegelméisseg eng Infirmière bei si, déi eng definitiv Epilatioun per Laser duerchféiert.

Nei Technologie fir besser Resultater

Fir ëmmer um neiste Stand ze sinn, geet dem Anne seng Ekipp och reegelméisseg a Formatiounen oder op Foiren. Bei de Formatioune kann een sech ganz klassesch weiderbilden, an op de Foire kann een nei Produiten a Servicer entdecken. „Sou hu mir zum Beispill op enger Foire eng nei Maschinn entdeckt, déi mir och elo hei hunn. Déi analyséiert d’Haut a gëtt eng konkret Diagnos fir d’Behandlung. Sou féiert de Soins visage zu besseren a méi laangwierege Resultater.“

Eng besser Technik fir trei Clienten

Och intern geet d’Anne mat der Zäit mat. Viru kuerzem hu si hire ganze System digitaliséiert. Elo kënnen d’Clienten online Rendez-vousen huelen, wat déi ganz Prozedur vereinfacht. „Dat war eng kleng Aventure, well mir eis net esou gutt mat Computeren auskennen. Mee dat  funktionéiert awer super a fir d’Clienten ass et och en Avantage.” Vill vun hinne kommen aus Esch an Ëmgéigend, dorënner och eng ganz Rei aus dem Quartier. „Et si vill Stammclienten dobäi, déi mir gutt kennen. Si zielen eis och oft hir Suergen, wat eng ganz familiär Atmosphär gëtt,“ erzielt d’Anne.

Eng flott Stad mat vill Gréngs

Obwuel d’Anne selwer vu Monnerech ass, huet hatt och eng ganz enk Bezéiung mat der Noperschaft. „Esch ass fir mech Aarbechtsplaz an awer och Heemecht.“ D’Anne huet nämlech 10 Joer zu Esch gewunnt, an och wann hatt elo zu Bieles wunnt, vermësst et Esch heiansdo. „Ech sinn zwar all Dag fir ze schaffen hei, mee ech vermëssen alles zu Fouss kënnen ze maachen an déi vill Natur. Esch ass eng kleng Stad, mee et gëtt och esou vill Gréngs ronderëm. Dat ass richteg flott.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom