Les favoris de… Chrissi

Les favoris de… Chrissi
Découvrir

Frëndlech, witzeg a spontan

D’Chrissi Welter ass zu Esch opgewuess an ass, wéi hatt selwer seet, “e richtegen Escher“. Op de soziale Medie begeeschtert hatt mat senger frëndlecher, witzeger a spontaner Aart. Mat flotte Biller, Vlogs vu senge Reesen a geleeëntleche Fashion Tipps, huet hatt sech eng trei Followerschaft vu bal 2000 Leit opgebaut. Mat sengem Master in Theatre and Performance Arts gëtt hatt sech ganz senger Leidenschaft zum Schauspill hin, a schafft momentan fir Esch2022 als Volunteer Coordinator. Hatt war mat eis op senge Liblingsplazen zu Esch ënnerwee:

Konschtturnen, Danzen a virun allem Cheerleading

Als begeeschtert Sportlerin ass d’Chrissi zu Lalleng am Turnsall opgewuess an huet sou seng grouss Léift, den Cheerleading entdeckt. „Mat engem Joer hunn ech bei der Espérance Esch ugefaangen a mäi Wee duerch Konschtturnen op de Cheerleading gemaach. Dertëscht war ech nach an der Danzschoul vum Sara Eden derbäi! Elo sinn ech nach ëmmer als Trainer am Asaz.“ Momentan ass d’Chrissi zu Paräis an enger Cheerleading Ekipp aktiv, déi och u Weltmeeschterschaften deel hëlt.

Eng perfekt, relax Plaz fir een ze drénken

Fir z’entspane sëtzt d’Chrissi am Summer gäre beim Babbocaffé op der Terrass. „Dat ass einfach eng perfekt relax Plaz fir béid e Kaffi oder och mol e Glas Wäin ze genéissen.” Mee och fir Party ze maachen huet Esch vill ze bidden. „Ech mengen do sinn ech net dat Eenzegt wat do direkt un de Pitcher denkt. Egal wéi d’Wieder ass, et sëtzt een dobaussen op der Mauer en Néckel ze drénken. Soss ginn ech gäre mol an d’Ratelach an der KuFa. D’Atmosphäre ass cool an et ass och ëmmer eng lass.”

Eppes fir den Honger?

Wann den Honger zouschléit recommandéiert d’Chrissi d’Terrass vum El Belvédère um Gaalgebierg an de Beet um Belval. Mee och wann et mol méi schnell muss goen huet hatt e puer kulinaresch Tipps. „Wann et ëm Takeaway geet, bestellen ech oft bei der Cuisine de Pékin oder beim Jay Nepal. Do ginn et ëmmer gutt Krocketten mat Nouilles sautées aux poulet oder eben Tikka Masala mat Naan.”

"Fussball läit bei mir am Blutt"

An senger Fräizäit ass d’Chrissi och gären um Escher Gaalgebierg ënnerwee, besonnesch um Stade Emile Mayrisch. D’Chrissi ass nämlech e „Fola‘s Mënsch”, wéi hat sech selwer beschreift. „Mäi Bop huet do schonn als Trainer geschafft a mäin Papp war Fussballspiller, dunn Trainer an ass elo nach ëmmer aktiv bei der CS Fola. Fussball läit bei eis am Blutt.” Nieft dem Fussball, genéisst hatt awer och gären déi entspanend Säit vum Gaalgebierg. „Direkt niewendrun, am Déierepark, kann een am beschten erofkommen an e bëssen entspanen. Am léifste kucken ech de Wäschbieren no.”

"Esch ass mäin Doheem"

Trotz senge ville Reesen, gëtt et fir d’Chrissi nëmmen eng Liblingsstad. „Esch ass mäin Doheem a fir mech en internationalen Zentrum, deen d’Geschicht an d’Kultur vum Süden ervirhieft.” Dat mëscht d’Chrissi zum perfekten Ambassadeur fir Esch2022. Do sicht hatt aktuell no Benevollen, déi 2022 déi sëllege Projete vun der europäescher Kulturhaaptstad ënnerstëtzen. A wann se dat mat esou vill Engagement maache wéi d’Chrissi, da gëtt dat e risege Spektakel.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom