Q-Moderne – Alles wat ee brauch

Q-Moderne – Alles wat ee brauch
Shopping

De Norbert Schumann ass de Patron vun der Quincaillerie Q-Moderne, e Betrib wéi een e nach vu fréier kennt. Hien huet d’Geschäft virun 10 Joer iwwerholl, d’Haus selwer besteet awer scho säit iwwer 100 Joer, fréier ënnert dem Numm Finsterwald. „Ech hu selwer fréier hei meng Léier gemaach, a sinn du gewuer ginn, dass et méiglech wier d’Geschäft z’iwwerhuelen.“ De Norbert bréngt esou seng 30 Joer Beruffserfarung mat a schmäisst de Buttek zum gréissten Deel eleng.

De Q-Moderne ass nach eng richteg Quincaillerie, also e Buttek wou een alles kritt wat een, an a ronderëm d’Haus gebrauche kann: Vu Geschier bis hin zu allem wat reegelméisseg muss ersat ginn am Haus, Aarbechtsgezei, Maschinnen a grouss Geräter wéi Wäschmaschinnen a Frigoen. „Ech héieren heiansdo wéi ee seet et géing keen Elektriker zu Esch ginn, dobäi hunn ech all déi gängeg Apparater déi ee brauch“, erkläert de Norbert. Dobäi kënnt nach allerlee Material fir de Bau, mat deem hien och vill professionell Clientë beliwwert. Sou Geschäfter ginn et haut net méi vill, an de Norbert ass mat Recht stolz dorop dës Traditioun weiderzeféieren.

Bei de Produite leet de Norbert grousse Wäert op d’Qualitéit. „Et gëtt praktesch all Dag eppes Neies hei, awer ëmmer nëmmen héichwäerteg Wuer. Ech hunn och vill speziell Marken, déi op anere Plaze méi seele sinn. An dat alles ëmmer zu engem gudde Präis“, seet de Norbert. Verschidde Clientë komme souguer vu ganz wäit hier, well ee bestëmmten italienesch Marke bei hinnen net kritt; just beim Norbert. Insgesamt kommen d’Clienten awer e bësse vun iwwerall. „Besonnesch vill Cliente kommen aus dem Quartier oder hu fréier am Quartier gewunnt, a kommen nach ëmmer heihi well se d’Geschäft kennen.“

Dem Norbert ass dofir och de perséinleche Kontakt mat de Clientë wichteg. Sou kann hien hinne mat Rot an Dot zur Säit stoen an hinnen e gudde Service ubidden, deen een zum Beispill online net kritt. E grousse Virdeel ass och, dass een am Q-Moderne d’Produiten direkt ka mat heem huelen an net muss laang op eng Liwwerung waarden. „D’Clientë vun Esch si souwuel einfach op där enger Säit, wéi och usprochsvoll op där anerer. Do muss een hinnen eppes Guddes bidde kënnen.“ De Service um Client steet am Q-Moderne also un éischter Plaz. Fir d’Zukunft géing de Norbert sech nach méi Liewen zu Esch wënschen. Esch2022 kann him sécher dobäi hëllefen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom