Café Le Pirate – Eng klassesch Wiertschaft fir Jonk an Al

En eemolege Quartett
D’Eva, Jana, Alex an Tatjana; dat ass den eemolege Quartett deen hannert dem Café Le Pirate stécht – véier staark Fraen, mat véier staarke Perséinlechkeeten. Säit 16 Joer ass de Café Pirate e feste Bestanddeel vum Escher Dages- an Nuetsliewen. Besonnesch d’Sportsveräiner, déi nobäi an der Sportshal zu Lalleng trainéieren a spillen, sinn hei oft zu Gaascht. Si sinn awer bei Wäitem net déi Eenzeg, déi am „Pirate” reegelméisseg an de Genoss vun engem Béier, engem Plat du Jour oder der Gesellschaft vun de véier Damme vum Haus kommen.
Ouni Schickimicki

„Mär sinn eng traditionell Wiertschaft wéi fréier, mat guddem Gedrénks a guddem Iessen. Wat eis besonnesch wichteg ass, ass dass mär ouni Schickimicki auskommen a jidderee bei eis ka sinn ewéi en ass.“ Ganz fréier war d’Haus um Eck eng Epicerie, spéider dunn e Café deen d’Eva a seng Schwëster d’Jana iwwerholl hunn. Si hunn ëmmer schonn am Süden hannert dem Comptoir geschafft a wollten iergendwann hiren eegene Café opmaachen. 2005 war et dunn esouwäit an de Café Le Pirate war gebuer.
Jiddereen ass wëllkomm

Wann d’Zäiten et erlaben, da gëtt am „Pirate” och emol gutt gefeiert. Ob elo fir en After-Work Event, eng Disco-Soirée, de Reveillon oder aner Feierdeeg, bei de 4 Damme vum Pirate brennt reegelméisseg de Bam. Och privat Evenementer kann ee bei hinnen organiséieren, egal ob elo fir e Gebuertsdag oder eng Firmefeier. Am Pirate ass jidderee wëllkomm. „Mär hunn eng Firma, déi kënnt scho säit 10 Joer ëmmer fir hir Feier bei eis, a viru kuerzem hu mär och mam Volleyball zesumme 15 Joer gefeiert.“ D’Leit kommen nämlech gären zeréck an de „Pirate”, wat net zulescht och un hirer gudder, traditioneller Kiche läit.
Et soll gutt schmaachen

„Mär bidden ëmmer e Plat du Jour un. Dat soll näischt Extravagantes sinn, awer gutt schmaachen an et soll ee sat ginn.“ Hir Kichen ass gréisstendeels lëtzebuergesch a franséisch, mat einfache Platen, déi ëmmer gutt bei de Clienten ukommen. „Wann awer een eppes Extraes wëll, da maache mär dat natierlech och. Zum Beispill fir Gebuertsdeeg oder Firmefeiere bei eis, erfëlle mir gären all Wonsch dee machbar ass“, erkläert d’Eva. D’Clientë sinn sech deem bewosst, a komme gären erëm well si wëssen dass d’Eva an d’Jana sech gutt ëm si këmmeren.
Mär sinn déi Bescht

Zu Esch ass dat souwisou kee Geheimnis, an esou ass de „Pirate” ëmmer gutt gefëllt. Ob elo de Volleyball hir Victoire feiert, oder een aus der Noperschaft laanscht kënnt fir eppes z’iessen oder ze drénken; de „Pirate” ass e feste Bestanddeel vun Esch, och wann en net direkt am Zentrum läit. „Mär sinn hei richteg zefridden, an déi vill flott escher Clientë leien eis richteg um Häerz.“ Wat d’Eva de Leit soss nach matdeele wëll? „Ma mär sinn déi Bescht, an d’Leit solle roueg laanscht komme bei eis!“, seet hatt mat engem Laachen.