Baubetrib Bonaria Frères – „Eis Leit sinn eist gréisste Potenzial“

Baubetrib Bonaria Frères – „Eis Leit sinn eist gréisste Potenzial“
Entrepreneuriat & Innovation

De Baubetrib Bonaria Frères ass säit iwwer 100 Joer fest zu Esch-Uelzecht verankert. 1904 huet Bonaria Frères seng éischt Originnen zu Lëtzebuerg fonnt, wéi den Aurelio Bonaria aus Nord-Italien op Esch komm ass, an ab 1914 ronderëm d’Kanalstrooss an d‘CM Spoo Haiser ugefaangen huet mat bauen. Zwee vu senge Bouwen, den Egide an de Laurent, hunn 1954 d’Firma Bonaria Frères gegrënnt. No de Büroen an der Kanal- an an der Brillstross, ass den administrative Sëtz vu Bonaria Frères haut an der Zénon Bernard Stross. Den Depot mam Material, Baggeren a Camione befënnt sech an der Rue de Belval.

De Betrib huet sech am Laf vun de Jore vergréissert an sech an der Südregioun als Entrepreneur am Héich- an Déifbau etabléiert. Vun 1987 un huet de Gilbert Thein d’Firma gefouert a säit 2019 leed säi Bouf, de Gérard, den Escher Baubetrib a 4ter Generatioun mat sengen 150 Mataarbechter. „Bonaria Frères ass haaptsächlech am Süde vum Land aktiv. D’Proximitéit an den enke Kontakt mat de Gemengen, den technesche Servicer an de private Clientë spillt eng grouss Roll fir de gudden Oflaf vun de Chantieren“, erkläert de Gérard Thein.

Bonaria Frères ass an zwou Haaptrichtunge spezialiséiert. Am Déifbau ginn d’Stroossen an d’Infrastrukturen erneiert an ënnerhal, esou wéi och an de Bëscher an an de Parke geschafft. Am Héichbau ginn Neibauten, Renovatiounen an all Aarbecht vun Alentouren ausgefouert. „Do donieft assuréiert Bonaria Frères de Service d’Urgence vu ville Gemengen an technesche Servicer. Hei stinn eis Ekippen Dag a Nuecht, 24 op 24, mam Bagger a Camion bereet. Esou kann all Infrastruktur-Pann dobausse schnellstméiglech geléist ginn.“

Zu Esch goufen déi lescht Joren eng ganz Rei Projete mat Bonaria Frères realiséiert. Am Stroossebau goufen eng ganz Rëtsch Stroossen nei gemaach an och den Entretien vum Kanal an der technescher Infrastruktur gouf assuréiert. Bei de Konstruktiounen sinn et beispillsweis d‘Bridderhaus, d‘Waasserspillplaz am Lavalspark, d‘Gradine vum Stade Emile Mayrisch, déi nei Buvette a Salle Polyvalente an der Sportshal, d‘Kaskaden um Gaalgebierg an d‘Escher Infofabrik,. „Haut gëtt méi präzis a séier geschafft wéi fréier, mee Stëft a Pabeier ginn och nach ëmmer iergendwou gebraucht“, seet de Gérard.

Mat 150 Mataarbechter an engem grousse Fuerpark u Camionen, Camionnetten a Baggeren, ass de Gérard houfereg op seng Ekipp an déi gutt Aarbecht déi si leeschten. „Mär si wéi eng grouss Famill, an ouni eis Leit si mär näischt. Eis Leit sinn eist gréisste Potenzial. Dat huet och mäi Papp de Gilbert, dee mech och haut nach ënnerstëtzt, schonn ëmmer gesot.“ De Gérard probéiert déi Valeuren dann och oprecht ze halen. „Verschidde Leit schaffe schonn an der 3. Generatioun bei eis. Do huet de Bop scho fir mäi Bop geschafft – 150 Leit heescht 150 Famillen.“

Nieft dem Asaz fir Bonaria Frères, probéiert de Gérard awer och seng Léift fir seng Stad – Esch – d’Kultur an de Sport mat an de Betrib ze bréngen. „Et ass eis ganz wichteg déi lokal Veräiner a kulturell Institutiounen z‘ënnerstëtzen an eiser Stad eppes zeréck ze ginn“, ergänzt hien. Och fir d’Zukunft, wënscht de Gérard sech, dass hie weider seng Regioun ka mat senger Aarbecht ënnerstëtzen. Mee virun allem seng Aarbechter, vergësst hien dobäi net. „Ech géing mir wënschen dass d’Handwierker erëm méi Unerkennung kréien, esou dass eis Leit dobaussen och Merci gesot kréien fir déi haart a gutt Aarbecht déi si all Dag leeschten. Et ass wichteg dass nei Handwierksbetriber sech nees hei zu Esch kënnen etabléieren an esou zur gudder Entwécklung vun Esch bäidroen.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom