Yoga am Minett – Eng Communautéit

Yoga am Minett – Eng Communautéit
Sport

E Kollektiv vu Leit déi gäre Yoga maachen

D’Sally war sech net sécher ëm wat et géing goen, wéi d’Zoé hatt gefrot huet fir an d’MESA eppes drénken ze goen. No kuerzer Zäit huet d’Zoé him du seng Iddi erkläert: Yoga am Minett – kee Yoga Studio mee e Kollektiv vu Leit déi gäre Yoga maachen an ënnerriichten, mat zwou Haaptvaleuren: Diversitéit an Accessibilitéit. „D’Sally huet direkt verstanen ëm wat et géing goen, an esou huet déi Saach ugefaangen“, erënnert sech d’Zoé. Alle béid schaffen si als Educatricen a maache gläichzäiteg grad hire Studium als Educatrice Graduée. Fir Yoga am Minett huelen si sech awer ganz bewosst Zäit, well dorëms geet et och.

Säi Kierper a sech selwer spieren

„Ech hu schonn am Lycée mat Yoga ugefaangen an hunn zum Beispill moies virum Exame Yoga gemaach. Dat huet mir gehollef meng Rou ze fannen a mech ze konzentréieren“, erkläert d’Zoé. „Fir mech geet et beim Yoga net nëmmen ëm d’Übungen, mee och ëm dat ronderëm. Et geet drëms säi Kierper a sech selwer ze spieren“, ergänzt d’Sally. Zesummen erginn si e kompetent Team. D’Zoé ass méi op de Yoga selwer fokusséiert a gëtt, nieft verschidden anere Yoga-Proffen, Coursen an d’Sally ass d’Sekretärin vu Yoga am Minett a këmmert sech ëm déi administrativ Aarbecht.

„Et geet net just ëm de Yoga“

An do fält och net wéineg un. Yoga am Minett ass nämlech eng Asbl, déi vun Done lieft an de Suen, déi d’Membere fir d’Course bezuelen. Hei ass et hinnen awer ganz wichteg dës Käschten sou niddreg wéi méiglech ze halen. „Mir froe just 10€ fir e Cours, wat am Verglach mat Anere ganz wéineg ass. Et ass wichteg, dass de Präis keen Obstakel fir d’Leit ass.“ Déi abordabel Präisser sinn en integralen Deel vun hirer Missioun. „Et geet net just ëm de Yoga“, seet d‘Sally. De kollektive Gedanken an d’Zesummeliewen ass bei Yoga am Minett dat Wichtegst.

Fir méi Entspanung am Minett

Sou kann dann och jidderee matmaachen, dee wëll. „Et muss ee kee Yoga kënnen oder besonnesch flexibel sinn. Et muss ee just motivéiert si fir et ze probéieren“, sou d’Zoé. Fir Yoga am Minett ass et de Gesamtpackage deen zielt: Communautéit, Zesummeliewen, Kierper, Geescht a Yoga. „All déi Elementer ginn Hand an Hand, an dat eent geet net ouni dat anert“, soe si. Sou fannen hir Coursen dann och a verschiddene Sprooche statt: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. „Mir hoffen deemnächst och portugisesch Course kënnen unzebidden“, seet d’Zoé. Mat hirer Ekipp vun 11 Leit, dovunner 6 Yoga Teacher a 5 déi administrativ hëllefen, suergt YAM sou fir méi Entspanung am Minett.

Mat béide Féiss um Buedem

„Eist Konzept an eis Valeure sinn sou hei am Minett entstanen. Diversitéit – well de Minett esou ass; an Accessibilitéit – well jiddereen am Minett wëllkomm ass“, erklären d’Zoé an d’Sally. Esch an Ëmgéigend ass  déi perfekt Plaz fir dat Konzept auszeliewen an hir Valeure weiderzeginn, besonnesch well dës hei schonn esou staark vertruede sinn. Plaze wéi d’Kufa an d’Mesa spille YAM an d’Kaarten, an erméiglechen hinnen de Communautéits-Gedanken duerch Yoga weiderzeginn. „An d’Leit hei sinn einfach eemoleg“, soen si. „Déi Escher sinn e buedemstännegt Vollek, divers, multikulturell, aktiv, an awer ëmmer mat béide Féiss um Buedem.“ Eppes wat besonnesch beim Yoga ganz nëtzlech ass.

Fotoen: Gilles Scaccia

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom