Wanderweeër – Op flotte Féiss duerch de Minett

Wanderweeër – Op flotte Féiss duerch de Minett
Découvrir

D’Nora Peters huet Mediemanagement studéiert an duerch e Stage beim LCTO krut hatt deemools Loscht am Beräich Tourismus ze schaffen. Säit 4 Joer schafft d’Nora elo beim ORT Sud. Déi 4 Leit vum ORT Sud “Visit Minett” sinn ënner anerem fir d’Promotioun vum Minett, d’Ausbildung vu Guiden, an d’Ënnerstëtzung vun Touristeplazen zoustänneg. D’Nora selwer këmmert sech ëm d‘Wanderweeër an ass och responsabel fir d’Guiden.

„Dat flott um Süden ass déi eenzegaarteg Geschicht mat der Industrie. Dat gëtt et esou néierens am Land“, erkläert d’Nora. Sou ass hatt dann och spezialiséiert op déi vill flott Wanderweeër a Plazen op deenen een d’Natur an d’Industrievergaangenheet vun der Regioun a villes méi kenneléiere kann. Op de Wanderweeër kann een dëst op seng eege Fauscht an a sengem eegenen Tempo maachen. Dat ass en Ausfluch wäert, besonnesch elo wou d’Wieder besser ass. „Zu Esch ginn et ongeféier 12 verschidde Wanderweeër déi entweder hei ufänken oder duerchginn. An do ass fir all Alter eppes dobäi.“

Virun allem och fir Kanner gëtt villes ugebueden. „D’Natura 2000 ass hei ganz spannend fir déi Kleng. Et ginn 3 thematesch verschidde Bouclen, déi ee kann entdecken. Dobäi geet et duerch de Bësch an et gesäit een och deen typesche roude Buedem an d’Minnen aus der Regioun. An dann ass natierlech en Ausfluch an den Déierepark ëmmer en Highlight fir d’Kanner. Do kann een och ronderëm um Gaalgebierg flott spadséiere goen.“ Natierlech sinn dës Touren net just fir Kanner,  och Jugendlecher an Erwuessener kommen hei op hir Käschten.

Nieft de ville Wanderweeër, ginn et am Süden och spannend Vëlosweeër, virun allem fir de Mountainbike. Am Ganze ginn et der 6, wouvunner der 2 zu Esch fortginn. „Een dovunner féiert iwwert de Lallenger- an de Gaalgebierg, wou een ënner anerem och flott Industriebrooche gesäit. Deen anere geet duerch den Ellergronn, wou d’Fierschteren, déi selwer Mountainbike begeeschtert sinn, gehollef hunn. Déi sinn dann och éischter fir Fortgeschrëttener.“

Dem Nora säi Liblingstour ass d’Natura 2000. Déi oppen Dagebau-Gebitter déi d’Natur sech lues a lues zeréckeruewert, fënnt hatt besonnesch schéin. Op de Weeër si Leit vun iwwerall ënnerwee, awer och vill Minetter. „D’Leit aus dem Süde kennen hir Regioun ganz gutt a wëssen d’Industriegeschicht wéi d’Natur ze schätzen.“ Fir dat ze valoriséieren, schafft den ORT Sud säit 2 Joer un engem neie Wanderwee, deen iwwer 90km duerch all d’Südgemenge féiert. „Dëse kënnt am Summer a gëtt mat verschiddenen Aktioune vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 kombinéiert. Dat gëtt definitiv en Highlight.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom