Baucenter Decker-Ries – E staarkt Fundament

Baucenter Decker-Ries – E staarkt Fundament
Shopping

D’Racinne vum Baucenter Decker-Ries gi bis op 1899 zeréck. Aus dem Escher Betrib deen deemools haaptsächlech Baumaterial fir de Chantier verkaf huet (Sand, Kuel, asw.), ass eng grouss Firma ginn déi de ganze Spektrum u Produiten a Servicer fir Baustellen a Renovéierungen ubitt. De Laurent an de Christophe Decker leeden de Betrib elo schonns an der fënnefter Generatioun a sinn houfereg op hir Escher Wuerzelen, an op  d’Qualitéit vun deem wat de Baucenter Decker-Ries hautdesdaags ubitt.

De Laurent huet Ekonomie studéiert an de Christophe ass Ingenieur. Obwuel si vu klengem un am Betrib opgewuess sinn, huet hire Papp hinnen ni Drock gemaach fir spéider an dësem ze schaffen. „Hien huet eis do d’Fräiheet gelooss eise Studium ze maachen, och am Ausland, an ze kucke wat mär wéilte maachen. Wärend där Zäit ass eis zwee och, onofhängeg vun eneen, bewosst ginn, dass mär gären an eis Heemecht zeréckwéilte fir am Papp senger Firma ze schaffen,“ erkläert de Christophe. Villäicht hat et jo domat ze dinn, dass hire Papp si schonn als jonk Bouwen op de Gabelstaplere vun der Firma fuere gelooss huet. „Dat war natierlech e gudden Trick fir eis Jongen ze begeeschteren“, laacht de Laurent.

Mat hire Studien ergänze si sech gutt an deelen sech d’Tâchen am Betrib deemno op. Zesumme schaffe si konstant a mat vill Léift dorunner, hir Servicer a Produiten auszebauen. Beim Baustoff geet hir Offer vu breedgefächerte Materialien fir de Bausseberäich, iwwer spezialiséiert Fassaden-, Isolatiouns- an Quincaillerieprodukter, bis hin zu enger grousser Auswiel u lokale Produiten an Accessoirë vun allen Zorten. An de Plättercher- a Sanitär-, Schräiner- a Kichendepartementer ass hir Offer mat de groussen Austellungen dorops ausgeriicht de Clientë méiglechst vill op enger eenzeler Plaz kënnen unzebidden.

Sou kritt een zum Beispill fir Renovatiounen alles wat ee brauch am Baucenter Decker-Ries, besonnesch well si och Handwierker hunn déi d‘Projeten direkt kënnen ëmsetzen. „Et ass vu groussem Virdeel wann dat alles aus engem Haus staamt, well mär eng agespillten Ekipp sinn an et doduerch zu manner Komplikatiounen um Chantier kënnt“, erkläert de Laurent. „Eis qualizifiéiert Aarbechter kennen sech an hiert Handwierk, fir dass alles ouni Suerge fir de Client ofleeft“, seet de Christophe. Mat am Ganzen 130 Mataarbechter, dovunner 45 Plätterchersleeër a 35 Schräiner, ass dat och keng kleng Ekipp méi, mee éischter eng grouss Famill.

Fir de Laurent an de Christophe ass dat och selbstverständlech. „Mär sinn eng Famill, zesumme mat eise Mataarbechter. Et kennt een sech a mär hu fir jiddereen en oppent Ouer, Client oder Employé. Och mat 130 Leit si mär keng anonym Struktur.“ No fënnef Generatioune Familljebetrib, sinn och vill vun de Mataarbechter staark mam Betrib verbonnen, sou hu mir zum Beispill zweemol dräi Bridder, déi Plätterchersleeër sinn, oder och e puermol Papp a Fils déi zësummen a verschiddene Servicer schaffen. „Anerer déi hei schaffen, kennen de Betrib well schonn hire Grousspapp bei eis geschafft huet“ seet de Laurent. „Do huet een och e grousst Verantwortungsgefill vis-à-vis vun de Leit.“

Mat de Leit aus dem Minett a virun allem mat Esch verbënnt si eng ganz besonnesch Léift. „Doduerch dass mär vun hei sinn, an déi meescht vun eisen Employéen an hire Familljen och, si mär ganz staark hei zu Esch verwuerzelt.“ Decker-Ries géing et an där Form anzwousch anescht esou dann och net ginn. „Mär deelen de lokale Patriotismus vun de Leit aus dem Minett a versichen zum Beispill lokal anzekafen a lokal iessen ze goen.“ Niewebäi léisst de Laurent säi Bouf hautdesdaags dann och heiansdo um Gabelstapler fueren. „Villäicht klappt deen Trick jo eng zweete Kéier“, seet hien dozou.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom