Inked Geeks – Vu Monsteren a Manga

Inked Geeks – Vu Monsteren a Manga
Shopping

Bicher, Faarwen a Miniaturen

Op där enger Säit stinn d’Monstere gutt verpaakt an hire Këschten an der Rei, niewendrun all d’Faarwe vum Reebou a klenge Container; an op där anerer Säit fënnt ee Manga- a Comicbicher, op mannst genau sou faarweg an och mat deem engen oder anere Monster dran. Dat ass d’Welt vun „Inked Geeks“ an der Uelzechtstrooss. Hei kënnt all „Geek“ – wéi de Numm et verréit – op seng Käschten, a fënnt am Kim Wack, Patronne vum Buttek, eng frëndlech a gläichgesënnte Séil.

Vum Féiwer gepaakt

D’Kim selwer gouf a jonke Jore mam Comicbuch-Féiwer, der amerikanescher Versioun vun der hei och beléifter „Bande Dessinée“, ugestach. Se liesen a sammelen, ëmmer erëm nei Welten a Charakteren entdecken, dat  war an ass och haut nach seng grouss Léift. „Domat huet et ugefaangen, an dat ass dunn ëmmer weider gaange mat Kaarte fir ze sammelen, Brietspiller, Manga an Änlechem. Eben all déi Saachen déi mär och ubidden.“ Dobäi kënnt den zousätzleche Bonus, dass d’Kim och d’Konscht vum Piercing geléiert huet an dëst och a sengem Geschäft ubitt. „Zwou Mécke mat enger Baatsch“, wéi hat seet.

Alles wat de „Geek“ sech wënscht

D’Gamme vun de Produiten ass villsäiteg a breet opgestallt, sou dass och all Zort vu „Geek“ säi Gléck fënnt. Do ginn et d’Miniature vu „Games Workshop“ oder „Para Bellum“, Kaarte vu „Magic the Gathering“ a „Yu-Gi-Oh“-Figure fir ze sammelen, sou wéi och Filmer an alles wat dozou gehéiert. „Mär orientéieren eis do un de Klassiker déi ëmmer beléift sinn, sou wéi och u Saachen déi grad am Trend leien. Wann eis Clienten eppes Bestëmmtes sichen, da bestelle mär dat och fir si, sou wäit et méiglech ass. Dat hänkt ëmmer dovun of wat et ass“, erkläert d’Kim.

A gudder Gesellschaft

Hannen am Geschäft fënnt een och eng Rei Dëscher wou d’Leit ausserhalb vun de Covid-Zäiten déi verschidde Brietspiller, Kaartespiller a sou weider och kënne spillen. „Mär hunn do och reegelméisseg Spillowenter oder Turnéieren organiséiert, wat ganz flott war“, erënnert d’Kim sech an hofft dëst gläich erëm kënnen unzebidden. D’Interaktioun mat de Clienten ass dem Kim ëmmer wichteg. Mat reegelméissege Posts op Tiktok zum Beispill, hält hat seng trei Clienten um Lafenden iwwer d’Aktualitéiten an d’Angeboter vum Geschäft.

Eng eemoleg Offer

Mat Inked Geeks, bitt d’Kim eppes un, wat et esou zu Esch virdrun net gouf. Hat freet sech och ëmmer wann eppes Neies opgeet, an d’Leit zu Esch do kënne flott Saachen entdecken. Dobäi mussen et och net ëmmer Monstere sinn. „Esch ass eng flott Stad mat ville Butteker a Restauranten. Et sinn och ëmmer vill Evenementer déi d’Leit unzéien, wat fir all Geschäft hei e Bonus ass.“ A wann ee keng Angscht viru Miniatur-Monsteren huet, oder selwer e passionéierte „Geek“ ass, da fënnt een am Inked Geeks och sécherlech wat ee sicht.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom