Destination Beauté – Ukommen ouni ze reesen

Destination Beauté – Ukommen ouni ze reesen
Bien-être

An der Uelzechtstrooss opgewuess

D’Sabrina Guedes ass, wéi hatt selwer seet, en Escher Meedchen. Eigentlech ware seng Pläng ganz anerer, wéi hatt mat senger Léier ugefaangen huet. Säi Wonsch war et nämlech op engem Croisièresschëff säi Beruff auszeüben. „Reesen a schaffe gläichzäiteg, dat war den Dram. Mee du koum alles anescht, an ech hunn net méi zeréckgekuckt“, seet d’Sabrina. Net wäit vun der Uelzechtstrooss, wou hatt fréier souguer gewunnt huet, fënnt een d’Sabrina säitdeem a sengem eegene Schéinheetsinstitut: Destination Beauté.

Op eege Fauscht

Dem Sabrina seng enk Bezéiung zum Stadkär, ass och ee vun den Haaptgrënn firwat hatt deemools net gezéckt huet sech selbstänneg ze maachen. Am Lokal wou elo Destination Beauté seng Clienten ëmfänkt, war virdrun e Kleedergeschäft. D’Sabrina huet dunn mat senger Famill renovéiert a säin Institut opgemaach. „Ech hat virdru schonn dräi Joer zu Esch geschafft an dat war eng Geleeënheet déi ech net wollt mëssen. De Budget war zwar kleng deemools, mee dat war kee Problem“, erkläert d’Sabrina.

Alles fir d‘Schéinheet

Bei Destination Beauté bitt d’Sabrina, zesumme mat senger klenger Ekipp, all déi gefrote Servicer un, fir dass seng Clienten sech kënne wuel an hirer Haut fillen. Besonnesch op Gesiichtsfleeg huet hatt sech spezialiséiert. Mee dat ass nëmmen en Deel vun der Offer. Et ginn och nach Epilatiounen, Kierpermassagen, Manikür, Pedikür a modern Technike wéi „Micro-needling“, „Microdermabrasion“, a villes méi. Och déi neiste Methode kommen deemno beim Sabrina zum Asaz. Als unerkannte „Babor Beauty Spa“, ginn et och vill Produite vun dëser bekannter Mark, déi komplett ouni Déiereversich hiergestallt ginn.

D’Ambiance genéissen

D’Clientèle ass villfälteg an hiren Alter geet vun zwielef bis 95 Joer. An de leschte Jore sinn och nach méi Nationalitéite bäikomm, virun allem duerch déi international Studenten op der Uni Lëtzebuerg. Ausserdeem komme besonnesch déi weiblech Clientë schonn a méi jonkem Alter. „Déi Jonk genéissen et méi sech ëm sech selwer ze këmmeren, mee si stinn awer och méi ënner Drock sech engem Schéinheetsideal unzepassen“, seet d’Sabrina. Bei him ginn se op allefalls gutt versuergt, a genéissen déi familiär Ambiance.

Eng Destinatioun nobäi

Fir d’Sabrina ass et wichteg, dës Intimitéit mat de Clienten oprecht ze halen. „Esch ass eng familiär a sympathesch Stad. Meng Clientë kommen deelweis vu méi wäit, well se d’Stad flott fannen. Nodeems se bei mir waren, ginn se dann nach an der Uelzechtstrooss shoppen. Och d’Studente weisen sech begeeschtert vun eiser Stad a vun der viller Natur ronderëm. Si fillen sech hei wuel, genau sou wéi mir och.“ Et brauch een also net ëmmer e Croisières-Schëff fir seng Destinatioun ze fannen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom