Ledy’s Food – Hospitalitéit vum Balkan

Ledy’s Food – Hospitalitéit vum Balkan
Gastronomie

En Dram an der Noperschaft

Nëmmen e puer Haiser vun do wou elo de Ledy’s Food ass, sinn den Elvis Ledinic a säi Brudder, den Edis, opgewuess. Hiert ganzt Liewen hu si do gewunnt an haten ëmmer den Dram hiert eegent Lokal opzemaachen. E Restaurant oder esou sollt et sinn, wou se dat kënnen ubidde wat si vun doheem vun hirer Mamm kennen: d’Kiche vum Balkan. Stënterlech war den Eck vun hirer Strooss, vis-à-vis vum Lycée Hubert Clement ze verkafen, an déi zwee Bridder hu keng Sekonn gezéckt: „Et war déi perfekt Plaz fir eis. Eng besser hätte mär eis net kënne virstellen“, erënnert sech de Elvis.

Iesse wéi doheem

Säit 2019 bedreiwe si do de Ledy’s Food, a maache genau dat wat si sech ëmmer esou virgestallt hunn: Spezialitéite vum Balkan, frësch an op der Hand zoubereet. „Am Ufank hu mär just Take-Away a Liwwerunge gemaach, mee an Tëschenzäit hu mär eng kleng Terrasse.“ Do genéissen d’Clienten zum Beispill Cevapcici, eng extra Mëschung vu gehacktem Fleesch a Gewürzer déi zu enger Aart Wurscht gerullt ginn. Oder Prsuta, eng Zort Ham aus gereechertem Rëndsfleesch, déi och ganz beléift ass. Dobäi ass all d’Fleesch dat si zoubereeden halal, also no muslimesche Reegele geschluecht ginn.

Ëmmer am Trend

„Dat ass ganz wichteg fir eis, net zulescht och well et dat nach net zu Esch gëtt, dass alles 100% halal ass“, behaapten déi zwee. „Eppes anescht gëtt et bei eis net.“ Sou bréngen déi zwee Bridder e bësse vun hirer kulinarescher Kultur op Esch. Bei de Schüler vum Lycée vis-à-vis kënnt dat gutt un, net zulescht well den Elvis ëmmer beméit ass hinnen eppes Flottes ze bidden a sech un d’Trends unzepassen. Sou kritt ee bei Ledy’s Food zum Beispill fënnef Zorten Äistéi vu „Bra Tee“, enger Mark vum Däitsche Rapper „Capital Bra“. Ausserdeem huet hie viru kuerzem ugefaange Shisha unzebidden, wat och ganz beléift ass.

Eppes Grousses maachen

„Bei eis soll een ëmmer eppes fanne wat extra ass, wat een net bei anere kritt oder eppes wat grad ganz an der Moud ass. Do passen ech mech de Clienten u, fir dass si sou zefridde wéi méiglech sinn“, erkläert den Elvis. Wien eng Kéier bei den zwee Bridder laanscht geet, staunt wat si alles ubidden. „Mär sinn e klenge Familljebetrib wou jiddereen aus der Famill mathëlleft. Eisen Dram ass et aus eppes ganz Klengem, eppes Grousses ze maachen. Dofir ass et wichteg dass de Client eppes gebuede kritt an zefridden ass“, seet den Elvis.

Escher Jongen

Als Escher Jonge sinn si och houfereg op Esch an de Fait, dass si mat hirem klenge Restaurant a Liwwerservice en Deel dovu sinn. „Mär sinn hei opgewuess a sinn nach ëmmer begeeschtert vun eiser Stad. Esch ass eng cool Stad, wou vill Action ass. Si gëtt konstant moderniséiert mat flotte Projeten. Zum Beispill d’Renovatioun vun der oppener Schwemm. Dat gëtt sécher top!“ Do wäert een sech et am Summer bestëmmt gutt goe loosse kënnen, besonnesch a Verbindung mat Cevapcici oder Prsuta vum Ledy’s Food.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom