Atelier Déesse – Gutt versuergt

Atelier Déesse – Gutt versuergt
Bien-être

D’Sofia Dos Anjos huet eigentlech Coiffeuse geléiert, mee scho ganz fréi huet hatt entdeckt, dass d’Aarbecht mat de Neel vun de Clienten him besser gefall huet. Am Ufank huet hatt dunn déi zwou Saache gemaach an sech am Laf vun der Zäit op Neel an alles wat mat Kosmetik ze dinn huet spezialiséiert. 2012 huet d’Sofia schlussendlech de grousse Schrëtt an d’Selbststännegkeet gewot an dëst och net bereit.

Säitdeem ass d’Sofia scho véier mol geplënnert. Seng Cliente sinn him trotzdeem ëmmer trei bliwwen an op all Plaz si neier bäikomm. Hautdesdaags fënnt een den Atelier Déesse an der Rue de Luxembourg, nëmmen e puer kuerz Schrëtt vun der Gemengeplaz ewech. Hei huet d’Sofia sech e flotte Kosmetik Salon ageriicht, a betreit seng Cliente mat dräi weidere Mataarbechter. Dës Lokalitéit gefält dem Sofia bis elo am beschten. „Et ass grouss, awer net ze grouss, an natierlech no um Stadkär. Dat ass och wichteg.“

Dem Sofia seng Offer deckt alles of, wat ee sech ka wënschen. Sou kann een nieft de Neel, och Epilatiounen, falsch Wimperen an de klassesche Soins Visages beim Sofia gemaach kréien. „Mir maache virun allem fir Neel alles wat et gëtt, mee natierlech och all déi aner Saachen déi et ginn. Jidderee vun eis huet e bësse seng Spezialitéit“, erkläert hatt. Deemno kënnt all Client op seng Käschten. Déi meescht vun hinne komme vun Esch, a verschiddener och vu méi wäit ewech, besonnesch wéinst der Qualitéit vum Service an de Produiten.

Och Männer komme reegelméisseg, a loosse sech schéi maachen. Besonnesch d’Pedikür an Epilatioune si bei hinne beléift. Insgesamt ass seng Clientèle awer ganz villsäiteg. „Mir hu wierklech vun allem. All Nationalitéiten a Kulturen. Männer, Fraen, Jonker, Aler.“ Dat ass et och wat dem Sofia un Esch besonnesch gutt gefält. „Et erkennt een och eng Entwécklung vun der Stad. Sou kommen ëmmer méi Studente vun der Uni Lëtzebuerg bei eis. Dat ass och flott ze gesinn.“ Beim Sofia am Atelier Déesse, ginn se och bestëmmt gutt versuergt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom