Optique Denuit – De Bléck no vir

Optique Denuit – De Bléck no vir
Shopping

Als Optiker ass d’Cindy Denuit gewinnt mat den Hänn ze schaffen, wat hatt och deemools am meeschten um Beruff interesséiert huet. 2004 huet hatt dunn awer mat just 24 Joer schonn d’Gerance vum Buttek als Proprietär iwwerholl. Säitdeem huet d’Cindy ëmmer manner mam Material selwer geschafft. Genau esou wéi hatt mat der Zäit a seng nei Roll als Cheffin vun enger Ekipp eragewuess ass, ass och de Buttek gewuess, sou dass en elo an der Uelzechtstrooss um Eck op der Gemengeplaz, en neit, méi grousst Doheem fonnt huet.

E bëssen anescht

„Et ass awer net just eng Plaz déi méi grouss ass“, erkläert d’Cindy. Fir senge Clientë méi kënnen ze bidden, huet d’Cindy sech nämlech e Gesamtkonzept ausgeduecht, wat perfekt an déi nei Lokalitéit passt. „Hei setze mär all déi Saachen ëm, déi eis iwwer d’Joren an de Kapp komm sinn an déi mär awer aus engem Mangel u Plaz net konnten realiséieren. Hei kënne mir eis elo austoben.“ Sou ass zum Beispill den Atelier vu bausse siichtbar, fir dass Clienten a Passante kënne kucke wéi un de Brëller a Glieser geschafft gëtt.

Ausserdeem gëtt et e grousse Comptoir deen ausgesäit wéi eng Bar an eng grouss Toile déi extra vun engem Kënschtler gemoolt ginn ass. „Et soll d’Leit och visuell uspriechen“, seet d’Cindy. Dat ass awer net einfach esou aus der Loft gegraff. Fir d’Cindy ass et ganz wichteg ëmmer e bëssen anescht an alternativ ze sinn. Sou ass och hir ganz Kollektioun u Brëller speziell (zesumme mat der ganzer Ekipp) erausgesicht. „Mär bidde just Saachen un déi et soss néierens ginn. Et sinn entweder ganz kleng Hiersteller oder ganz exklusiv Produiten. Béides fënnt een net an enger Chaîne.“

Déi positiv Säite gesinn

Dat sinn awer net déi eenzeg Virdeeler, déi de Client bei Optique Denuit huet. „All eis siwe Mataarbechter sinn top ausgebilt a kenne sech aus. Ausserdeem schwätze mär alleguer lëtzebuergesch. Dat ass e grousse Virdeel bei eelere Clienten.“ Sou gëtt d’Cindy sech vill Méi, dass seng Ekipp e gudde Service fir jidderee liwwere kann. „Dat ass den Defi an de Virdeel vun engem Optiker Geschäft hautdesdaags.

Wann een e Brëll um Internet bestellt, da kritt ee kee Kaffi ugebueden, keng perséinlech Berodung a kee Service après-vente.“ Sou empfënnt hatt den Internet och net als richteg Konkurrenz. „Wien do net zefridden ass, kënnt dann oft bei eis“, seet hat.

Insgesamt ass d‘Cindy souwisou e Mënsch dee positiv denk, an am nämmlechte Liicht gesäit hatt och d’Stad Esch. „Ech fannen Esch an och d’Gemengeplaz hei ganz flott, mam ville Gréngs an der Uelzechtstrooss, mat flotte Geschäfter an Terrassen. Et mierkt een och dass ëmmer méi Jonker sech trauen eppes Flottes opzemaachen. Dat motivéiert een nach méi sech och drunzeginn. Och wann verschidde Saache fir mäi Goût nach méi alternativ kéinte sinn.“

Alternativ oder net, e positive Bléck no vir schued kengem, an e Brëll vun Optique Denuit hëlleft bestëmmt dobäi.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom