Cycles Rasqui – Méi wéi 100 Joer Vëlosbuttek

Cycles Rasqui – Méi wéi 100 Joer Vëlosbuttek
Shopping, Sport

Méi wéi 100 Joer Vëlosbuttek

Cycles Rasqui gëtt et scho säit 102 Joer zu Esch a gehéiert mat zu de Veterane vun der lokaler Geschäftswelt. De Georges Franzisco huet de Buttek virun 21 Joer vum fréiere Patron iwwerholl, nodeems hie mat 18 Joer als Vëlos-Mecanicien do ugefaangen hat. „Mäi Patron huet ëmmer gesot, dass ech d’Geschäft kéint iwwerhuele wann hien a Pensioun geet a wann ech géing weider esou gutt schaffen. Hien huet säi Wuert dunn och gehalen.“

Service wéi fréier

De Georges féiert d’Geschäft dann och esou weider wéi hien et geléiert huet. „Mär maache keng Bandaarbecht, mee passen eis dem Client individuell un. Sou wéi dat och fréier de Fall war.“ D’Berodung vum Client ass deemno fir de Georges de wichtegsten Aspekt vu senger Aarbecht. „Dofir kommen d’Leit heihinner. Si wëssen dass mär si perséinlech betreien a mat Rot an Dot zur Säit stinn.“ De Fait, dass de Georges déi ganz Technik vun de Vëloe perfekt kennt, ass natierlech e grousse Virdeel. „Et muss ee scho wësse vu wat ee schwätzt an sech ëmmer um neiste Stand halen.“

Modern Technik

D’Technik war et och déi de Georges wéi hie jonk war zum Beruff gefouert huet. Hien huet sech dofir interesséiert a wollt domadder schaffen. „Et ass impressionant wéi déi vermeintlech einfach Technik vun de Vëloen sech am Laf vun der Zäit verännert a verbessert huet. Hautdesdaags ass se vill méi performant a komplex, wéi fréier.“ Seng Mataarbechter deelen dëse Savoir-Faire a këmmeren sech ëm all Vëlo deen si an den Atelier kréien. „Hautdesdaags fuere vill méi Leit Vëlo wéi fréier an a punkto Service a Reparature si mär méi spatz ewéi vill anerer. Do mécht keen eis eppes fir“, seet de Georges.

De Boom vum Vëlo

A punkto Offer, huet de Georges och alles ze bidde woufir d’Vëloshäerz schléit. Vu klassesche Stroossevëloen, moderne Mountainbikë bis fonkelnei Elektrovëloen, bei Cycles Rasqui fënnt een alles. De groussen Challenge fir de Georges ass haut awer d’Material mat Zäiten hierzekréien. „Et gëtt an eisem Secteur e grousse Liwwerengpass an op verschidde Modeller vu Vëloe muss ee laang waarden. Mee mär maachen natierlech eis Bescht, fir dass all Client zefridden ass.“ De grousse Boom vun der Vëlosindustrie deen d’Pandemie mat sech bruecht huet, huet deemno och seng Nodeeler. D’Hiersteller kommen deelweis net méi mat der Produktioun no.

Eng gréng Zukunft

Fir d’Zukunft ass de Georges positiv agestallt. Hien ass frou dass ëmmer méi Leit mam Vëlo fueren, net nëmme well dat gutt fir säi Geschäft ass, mee well et gutt fir d’Leit ass. „Si sinn doduerch méi dobaussen an der frëscher Loft, an et ass natierlech och gutt fir d’Ëmwelt. Et gëtt näischt méi Grénges wéi de Vëlo.“ E puer Suergen huet de Georges dann awer trotzdeem. Hien wënscht sech eng „méi positiv Approche“ zum Vëlo zu Lëtzebuerg, „e bësse sou wéi an Holland, wou dat gutt klappt“, seet hien. Dass dat sech an Zukunft awer wäert verbesseren, och zu Esch, dorunner zweiwelt hien net.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom