Chaussures Haas – De passende Schong

Chaussures Haas – De passende Schong
Shopping

De Numm „Chaussures Haas“ ass zu Esch scho säit laangem e Begrëff. Virun ongeféier 70 Joer hat d’Famill Haas hei an der Uelzechtstrooss d’Geschäft gegrënnt an et och laang Zäit selwer gefouert. Schonn deemools war de Buttek eng Referenz fir héichwäerteg Schong fir jiddereen. Viru siwe Joer dunn, huet d’Famill Haas sech aus dem aktive Geschäft zeréckgezunn an de Buttek verkaf. D’Vânia Vieira war deemools schonn eng Zäitchen dobäi an de neie Proprietär huet hatt prompt mat iwwerholl.

Scho mat 15 Joer huet d’Vânia seng Léier gemaach an de Beruff als Verkeeferin huet him vun Ufank u gefall. „Besonnesch de Kontakt mat der Clientèle mécht mär vill Freed. Ech berode si gären a sinn ëmmer frou wann si eppes fanne wat hinne gefält“, erkläert d’Vânia. Och d’Wuer selwer fënnt hatt ganz spannend. „Schong, Lieder, dat huet mech ëmmer faszinéiert. Dowéinst ass et ëmsou méi flott, dass ech mäi Beruff an engem Schonggeschäft kann ausüben.“

An och wann de Proprietär gewieselt huet, de Numm „Chaussures Haas“ ass bliwwen. „Dat ass hei zu Esch einfach eng Institutioun, a fundamental huet sech um Buttek och net esou vill geännert.“ Sou bidde si weiderhi flott Modeller fir all Fouss un, sou dass jiddereen op säi Goût kënnt. „Fréier waren d’Modeller vläicht e bësse méi klassesch, an haut hu mär och e Choix dee méi nach an eng modern, komfortabel Richtung geet an awer trotzdeem ëmmer schick ass.“

Op éischter Plaz steet, genausou wéi fréier, en héichwäertege Service an eng perséinlech Berodung fir all jiddereen. „Mär probéiere fir all Mënsch eng individuell Léisung ze fannen an hinne mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.“ Sou geet d’Vânia dann op d’Wënsch an d’Froe vun der Kondschaft an, an hëlleft hir de passende Schong ze fannen. „Esch ass ganz divers a multikulturell, do ginn et dann och vill verschidde Goûten a Virstellungen. Mär versiche jidderengem zu all Präis eppes ze bidden, ob et elo Mephisto, Tamaris, Cielo, Geox oder eng aner Mark ass.“

Dëse multikulturellen Aspekt gefält dem Vânia ganz gutt un Esch. Hatt selwer huet portugisesch Originnen a fillt sech an der kulturell villsäiteger  Communautéit zu Esch doheem. „D’Gemeng mécht vill an et entwéckelen sech ëmmer nei Projeten. De klenge Bus an der Uelzechtstrooss ass besonnesch flott fir eeler Leit, et gi vill Terrasse fir am Summer eppes ze drénken an d’Foussgängerstrooss ass allgemeng en Highlight fir Grouss a Kleng.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom