Beef & Stones – Eng vulkanesch Erfarung

Beef & Stones – Eng vulkanesch Erfarung
Gastronomie

Am Beef & Stones gëtt vill Wäert drop geluecht dass nëmmen dat beschte Fleesch op den Teller an op de Stee kënnt. D’Famill Jeannot féiert de Restaurant säit 2016, a bréngt hei hire ganze Knowhow mat an d’Spill fir hire Cliente nëmmen dat Bescht ze bidden. „Eis Famill ass scho ganz laang an der Restauratioun täteg. Eis Elteren hate scho virdru verschidde Restauranten a sinn och hei zu 100% involvéiert.

Mär sinn och säit klengem an deem Milieu opgewuess an hunn elo hei e richtege Familljebetrib. Jidderee bréngt eppes mat a kënnt hei zum Asaz“, erkläert de Vincent.

Esou hunn si sech dann och déi verschidden Aufgaben am Restaurant opgedeelt. De Vincent këmmert sech ëm alles wat Marketing ass, wéi zum Beispill den Design vum Logo oder déi sozial Netzwierker. Säi Brudder, den Alexandre, ass de „Chef de Salle“, organiséiert d’Personal a kuckt dass am Dagesoflaf alles klappt. Hire Papp den David ass de Chefkach an ass zu 100% op d’Fleesch fokusséiert.

Hie suergt dofir dass beim Akaf vum Fleesch nëmmen déi héchste Qualitéit erausgesicht gëtt a bereet et dann och vir fir op den Teller. Dobäi kënnt dann nach hir Mamm, d’Rosa, déi och reegelméisseg hëlleft wou et grad brennt.

Sou ass all Gaascht gutt encadréiert wann hie bei de Beef & Stones iesse kënnt. Fleesch ass natierlech hir Spezialitéit, an do bidde si verschidde Stécker vum Rand un, awer och Päerd, Poulet oder Strauss zum Beispill. „All Stéck ass e bëssen anescht an dobäi ëmmer extra zaart. Mär hunn nëmmen argentinescht Rëndsfleesch, well dat weltwäit als dat Bescht gëllt.“ Wien sech net decidéiere kann, kann awer och e Mix huelen, dee fir zwou Persoune virbereet gëtt.

D’Fleesch gëtt da vum Gaascht selwer op de waarme Stee geluecht an déi Steng hunn et nawell a sech. „Dat ass vulkanesche Steen, deen och immens deier ass. E gëtt bis zu 500 Grad waarm. Do soll ee schonn oppassen dass een sech net verbrennt“, seet den Alexandre.

D’Fleesch fir op de Steen ass natierlech de groussen Highlight am Beef and Stones, mee et ginn och aner Saachen. „Nieft de verschiddene selwergemaachten Zosen a Garnituren, wéi Gromperen oder Geméis, ginn et och nach aner Platen.“ Als Entrée proposéieren si eng Rei Zaloten, Ham, Enchiladas oder Schleeken. Esouguer fir Veganer, bidde si e Burrito un, deen ouni Déiereproduite gemaach gëtt. Ausserdeem kann een och nach Fësch fir op de Stee bestellen. „Et soll fir jiddereen eppes do sinn, woubäi dat zaart Rëndsfleesch natierlech am beléiftsten ass.“

D’Gäscht kënnen dobäi hiert Fleesch esou zoubereede wéi si wëllen an déi performant Belëftungsanlag suergt dofir, dass net ze vill Damp am Restaurant bleift.

De familiäre Charakter vum Beef & Stones, dat gutt Fleesch, de flotte Kader an de professionelle Service hunn dann och schonn hir Friichte gedroen. „Mär si wäit gaange fir déi Qualitéit ze fannen déi mär gesicht an hunn. Dat mécht eis aus an d’Leit bedanke sech andeems se oft erëmkommen.“ Sou ass de Restaurant dann och meeschtens gutt gefëllt an d’Famill Jeannot fillt sech zu Esch ganz wëllkomm.

„Mär sinn eigentlech vun Hesper a fillen eis hei ganz wuel. Besonnesch de flotte Mix u Kulturen ass ganz spannend.“ Am Beef and Stones fannen si alleguerten e relaxe Kader, mat e bësse Musek wou si an enger aner Welt mat guddem Fleesch andauchen. Déi siwen Piranhaen am Aquarium kucken hinnen dobäi giereg iwwer d’Schëller.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom