Metalica – Aluminium, Stol a Blech vun Esch

Metalica – Aluminium, Stol a Blech vun Esch
Entrepreneuriat & Innovation

D’Firma Metalica gëtt et scho ganz laang, och wann se fréier anescht geheescht huet. 1956 vun de Gebridder Mario, Louis a Libero Castellani gegrënnt, huet d’Firma bis 2005 och „Castellani Frères“ geheescht. Als Schlässer hu si de Betrib vu Grond op opgebaut an ëmmer weider entwéckelt. Viru 16 Joer dunn, wéi de leschte vun den dräi Bridder a Pensioun gaangen ass, ass d’Firma vum Louis Farneti (de Neveu vun de Bridder Castellani), Norbert Meisch, Tino Di Bartolomeo an Fränz Zepponi iwerholl ginn. Säitdeem heesche si Metalica S.A., hu sech weider moderniséiert a sech mat vill Erfarung an iwwer 100 Partner aus dem Bausecteur op d’Hierstellung vu Fënsteren, Dieren a Fassaden aus Stol, Aluminium a Glas spezialiséiert.

Eng grouss Envergure

„Dat ass awer net alles wat mär maachen. Mär maachen och Pergolaen, Verandaen, Sonneschutzer a ganz speziell Ufäerdegungen op Mooss fir déi verschiddenst Gebaier, an dat zum Deel och aus anerem Material wéi Holz oder Plastik“, erkläert de Fränz Zepponi, deen de Betrib haut zesumme mam Tino Di Bartolomeo leet. Domadder huet Metalica sech och als ee vun den Experten am Bausecteur etabléiert, a setzt am ganze Land grouss Projeten ëm.

Dozou gehéiert zum Beispill déi rout Fassad vun der Jugendherberg zu Esch, d’Casa Genista zu Fenteng, d’Gebai „Pôle Nord“ an der Stad an nach vill méi. „Eise Virdeel ass net nëmmen eise grousse Knowhow, mee och dass mär alles kënne genau op Mooss maachen a souguer nei Produiten entwéckelen.“

Eng Firma an zwee Deeler

„Fir sou grouss Projeten ëmzesetzen a gläichzäiteg och fir Privatclienten zu 100% kënnen ze betreien, ass d’Firma an zwou Entitéiten opgedeelt.“ Engersäits gëtt et Metalica S.A. wou d’Administratioun an d’Produktioun dozou gehéieren, den techneschen Developpement stattfënnt, d’Etüde gemaach ginn an d’Montage-Ekippen zum Asaz kommen.

Op der anerer Säit gëtt et da Metalica Home, wou wéi de Numm et seet, sech alles ëm dem Privatclient säin Heem dréit. „Dat erlaabt et eis fokusséiert ze schaffen. Bei Metalica Home kennt zum Beispill speziell ausgebilte Berodungspersonal zum Asaz, dat der Clientèle mat Rot an Dot zur Säit steet.“

Wou op där enger Säit de Beroder oder d’Beroderin der Konnschaft hëlleft Entscheedungen ze treffen an déi bescht Produite fir hier Bedierfnisser erauszesichen, gëtt op där anerer Säit zesumme mat Architekt*innen an Ingenieur*innen geschafft fir hir Visiounen ëmzesetzen. „Béides ass ëmmer e flotten Challenge an dat wichtegst ass dass d‘Clientèle, ob Privatpersoun oder aus dem Architekturberäich, duerno zefridden ass.“

Dobäi gräift Metalica op déi grouss Erfarung vum Betrib an dem Personal zeréck, sou dass jiddereen zesummespillt.

Vun Ufank bis zum Schluss

„Iwwert déi zwee Betriber verdeelt, maitriséiere mär all eenzele Schrëtt vum Plang bis zur Ëmsetzung, vun Ufank bis Schluss. Dat garantéiert déi héich Qualitéit vun eiser Aarbecht.“ Dobäi ginn et am Beruff awer och vill Defien. Zum Beispill ginn et ëmmer manner Jonker déi de Beruff mam Metall léieren. Och mam Material ass et säit der Pandemie schwéier. „Dat ass e grousse Challenge well alles méi laang brauch fir geliwwert ze ginn. Do musse mär eis gutt organiséieren a wäit am Viraus plangen. Mee dat ass en Deel vun eiser Aarbecht: Eng Léisung fir all Problem fannen.“

D’Resultater dovu loossen sech awer weisen. Déi vill architektonesch usprochsvoll Gebaier zu Lëtzebuerg ginn et net iwwerall. „Mär bauen hei am Land Saachen déi et esou an eisen Nopeschlänner net ginn. Do si mär a verschiddene Beräicher schonn avant-garde“, seet de Fränz Zepponi. Metalica selwer schafft mat senge ronn 130 Mataarbechter un ongeféier 700 Projeten am Joer. Dat ass eng Zuel déi sech weise léisst. Vill vun deene Projete fannen dann och am Süde vum Land statt, och zu Esch.

Eng Escher Traditoun

Als „Minettsdapp“ ass de Fränz ganz besonnesch stolz dorop am Süden a virun allem zu Esch dozou bäizedroen dass d’Stad schéin ausgesäit. „Esch ass d’Wéi vu Metalica. Mär hunn hei eis Racinnen, vill vun eise Mataarbechter a Mataarbechterinnen sinn aus der Géigend a mär schaffen och vill hei zu Esch. D’Location hei ass gutt fir eis a mär engagéieren eis och gäre lokal andeems mär verschidde Veräiner ënnerstëtzen.“

Sou féiert Metalica déi laang Traditioun vun der Stol- a Metallindustrie zu Esch weider, wann och op eng aner Aart a Weis wéi fréier. „Mär sinn hei doheem“, seet de Fränz dozou.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom