D’Escher Bamhaiser – Zäit an der Natur verbréngen

D’Escher Bamhaiser – Zäit an der Natur verbréngen
Découvrir

Wie vum Déierepark net genuch kritt oder einfach emol eng Nuecht an engem Bamhaus an der Natur verbrénge wëll, deen ass an den Escher Bamhaiser op der richteger Plaz. Mëtten am Déierepark fënnt een dës magesch Haiser an de Beem verstoppt. Vun hirer Lag bis zu hirer flotter Architektur ass hei näischt dem Zoufall iwwerlooss an all Haus ass eemoleg. All Haus (et ginn der dräi) ass engem spezielle Charakter gewidmet an huet deemno och säin eegene Stil.

An eisem Video fannt Dir weider Explikatioune vum Anne Meyers, Responsabel vum Déierepark an de Bamhaiser, an e puer schéi Biller vun dësem eenzegaartegen Erliefnis-„Hotel“.

Dëst Joer goufen et scho 680 Iwwernuechtungen, mee d’Joer ass nach net eriwwer well och am Wanter sinn d‘Vamhaiser en eemolegt Erliefnis. Si sinn nämlech d’ganzt Joer op. A well si esou déif an der wandelnder Natur verankert sinn, ass all Saison hei anescht. No nëmmen dräi Joer, sinn d’Bamhaiser dëst Joer dofir mam Luxembourg Tourism Award belount ginn, wourop déi ganz Ekipp vun de Bamhaiser a vum Déierepark ganz houfereg ass. Zesumme mam Präis fir den Déierepark an deem fir d’Gemeng als „Commune Méritante“, huet Esch domadder dräi Luxembourg Tourism Awards gewonnen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom