Sweet Cake‘s – Alles fir de Kuch

Sweet Cake‘s – Alles fir de Kuch
Shopping

D’Neuza Grilo ass eigentlech Versécherungsagentin, mee säin Häerz schléit scho säit senger Jugend fir d’Patisserie. Méi genau gesot ass hatt begeeschtert vum Kuchbaken. Domadder huet d’Neuza scho viru ganz laangem ugefaangen an am Laf vun der Zäit ëmmer méi Kuche fir Famill a Kolleege gebak. Am Sweet Cake’s am Zentrum vun Esch deelt hatt säit siwe Joer dës Leidenschaft mat senge Clienten.

„Sweet Cake’s ass e „Cake-Design“ Buttek. Bei eis gëtt et also alles wat ee brauch fir doheem selwer flott Kuchen ze baken“, erkläert d’Neuza. Bei him kritt een zum Beispill Deeg, Fëllungen, Dekoratiounen, Formen, Preparatiounen an Zockerdeeg. Mat e bëssen techneschem Knowhow an engem gudden Aen, sinn domadder spektakulär Konstruktioune machbar: Kuche sou wéi ee se aus dem Kino kennt. „Et ass eng Passioun déi ech am Portugal geléiert hunn, als éischt op enger Akademie déi op de Cake-Design spezialiséiert ass an dunn och am Kader vun engem Diplom als Patissière.“

Wéi d’Neuza du fir Famill a Kolleege Kuche gebak huet ass him opgefall dass vill Zoutaten déi hatt gesicht huet, hei am Land guer net ze fanne waren. „Déi Buttéker wou et hei verkafe si just fir Professioneller ausgeriicht a verkafe net u Privatleit. Ech hu fonnt, dass e Geschäft hei méi praktesch wier. Sou muss een et net vu wäit komme loossen an et kann ee sech berode loossen.“ Dëst erlaabt dem Neuza seng Freed um Bake mat der Clientèle ze deelen, déi mëttlerweil souguer aus dem noen Ausland bis bei hatt an d’Geschäft kënnt. „Mär hunn och verschidden exklusiv Markeprodukter wéi „White Sensation“, déi et just bei eis gëtt.“

Fir de Clientë weider beim Baken ze hëllefen, organiséiert Sweet Cake’s och reegelméisseg Atelieren. „An eise Workshoppe weise Spezialiste verschidden Techniken a Methode fir Kuchen ze baken. Déi kommen dann och emol vu wäit hier, fir hir Konscht hei mat eis ze deelen.“ Fir dass jidderee ka matmaachen, sinn dës Atelieren oft an engem Sall wou méi Plaz ass wéi beim Neuza am Buttek.

Ausserdeem gëtt bei hinne bal all geleefeg Sprooch geschwat (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch) sou kënne si hir Clientèle optimal beroden an och emol am Workshop eppes iwwersetze, falls néideg. Wann de Cours fäerdeg ass, dann hëlt jiddereen säi Kuch och mat Heem. „Dat ass ëmmer ganz flott. Besonnesch eis Workshoppe fir Kanner wou si léiere Cupcakes ze dekoréieren.“

D’Neuza ass zënter 17 Joer zu Esch doheem, an hatt ass houfereg, dass hatt d’Geleeënheet genotzt huet fir säi klengt Geschäft hei opzemaachen. „Ech sinn hei ganz frou. Meng Kanner sinn hei gebuer a ginn hei an d’Schoul. Mär fillen eis wuel, och an eisem Buttek hei. D’Leit fannen eis, och wa mär net an der Uelzechtstrooss sinn.“ De Sweet Cake’s an der Dicks Strooss ass och all Dag an der Woch ausser sonndes a méindes op. Wien also e spektakuläre Kuch bake wëll, weess elo wou en hi muss.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom