Skill Lab – Escher Hollywood-Flair

Skill Lab – Escher Hollywood-Flair
Entrepreneuriat & Innovation, Culture

De Julien Becker ass hei zu Esch gebuer, opgewuess an an d’Schoul gaangen. Nom Lycée huet hien zu Paräis Fotografie studéiert an duerno fir den Yves Korthum geschafft. No an no huet et hien awer méi a Richtung Film a Fernsee verschloen, wou hien du selbststänneg gouf an ënner anerem fir TangoTV a LUXE.TV geschafft huet. Bei dëser Aarbecht huet de Julien dunn och de Gwenaël Francois kennegeléiert, mat deem hien decidéiert huet eng eege Firma ze grënnen. „Mär wollten eis zesummendoe fir nach méi wäit ze goen, wat den audiovisuelle Beräich ugeet an sou ass du Skill Lab entstanen.“

Am Bléck vun der Kamera

Am Ufank hat Skill Lab ganz kloer zwee Ziler. Engersäits wollte si audiovisuell Produktioune fir Betriber maachen, also zum Beispill Publicitéiten, a gläichzäiteg hate si sech och d’Missioun ginn a Richtung Kino ze goen. „Sou hu mär 2010 ugefaangen an am Laf vun der Zäit hu mär eis ëmmer méi op de Volet Film an TV spezialiséiert. Dobäi kënnt säit kuerzem och de Volet VR (Virtual Reality) dee mär no an no ausbauen.“ Trotz der Evolutioun, bleift Skill Lab awer ganz bewosst eng kleng Ekipp.

E Lëtzebuerger Filmpräis

„Mär sinn e klengen Acteur am Film/TV Beräich a wëllen net ze vill, ze schnell wuessen“, erkläert de Julien. Wa Skill Lab dann awer un engem Film schafft, gi punktuell grouss Ekippen agestallt. „De groussen Deel vun der Zäit beschäftege mär eis domadder Projeten ze fannen, dann de Finanzement z’organiséieren, alles ze plangen a virzebereeden an dann eréischt gëtt et ëmgesat.“ D’Preparatiouns-Phas vun sou engem Film Projet, ass souzesoen de gréissten Deel vun der Aarbecht. D’Resultat, wéi zum Beispill „Lupus“, „Article 19:42“ oder „An Zero“ dee mat engem Lëtzebuerger Filmpräis belount gouf, losse sech weisen.

„An Zero“ ass och den 20. Dezember op RTL ze gesinn, an duerno bis den 30. Dezember am RTL Replay.

Eng eegen artistesch Visioun

Dem Julien gefält déi variéiert Aarbecht, déi beim Film ufält. Oft ass hie souwuel Produzent wéi och Realisateur. „Ob eege Projeten an déi vun aneren, et ass ëmmer eng flott Erausfuerderung dofir ze suergen, dass alles klappt. Mär si vum Ufank vum Projet bis zum Schluss un all Phas bedeelegt.“ Besonnesch awer gefält et dem Julien an dem Gwenaël, wann si kënnen hir eegen artistesch Visioun ëmsetzen. „Dat Flott ass, dass mär de fräie Choix vun de Projete hunn an déi dann ëmsetze kënne wéi mär et fir richteg oder gutt empfannen.“

En Hauch vun Hollywood

Fir d’Zukunft hofft de Julien, dass si kënne pro Joer een a spéider vläicht esouguer zwee Filmer produzéieren. Och am VR Beräich wëll Skill Lab sech ëmmer méi etabléieren, woubäi hei zwee bis dräi Projete pro Joer méiglech sinn. Alles dat maache si vun hirem klengen awer gemittleche Büro zu Esch aus. „Mär si frou eis Aktivitéit hei kënnen ze maachen. Esch gëtt eis e flotte Kader an ass ganz cosmopolite an och méi accessibel wéi aner Plazen.“ De Fait dass Skill Lab hei hir Aktivitéit am Fernsee- a Kinosberäich ausüübt gëtt der Süd-Metropol vläicht esouguer en Hauch vun Hollywood-Flair.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom