ABC Cuisines – Säit 1985 zu Esch, a just zu Esch!

ABC Cuisines – Säit 1985 zu Esch, a just zu Esch!
Shopping

De Kim Anastasi war nom Lycée als éischt emol dräi Joer laang um Härebierg. Déi Erfarung huet hien deemools motivéiert sech duerno op den Exame fir Ënneroffizéier virzebereeden. Ier et dozou komm ass, huet hien sech awer entscheet am Familljebetrib aktiv ze ginn. „Ech hunn mech dunn awer dofir decidéiert fir mengem Papp an der Firma ze hëllefen. ABC Cuisines gëtt et schliisslech scho säit 1985 zu Esch.

E Familljebetrib

Säitdeem ass de Kim fest am Betrib verankert. No zwee Joer huet hie 50% vun der Firma iwwerholl, an 2011 finalement de ganze Betrib. „Ech féieren ABC Cuisines haaptsächlech weider, fir dass dat wat mäi Papp opgebaut huet ka weiderliewen“, erkläert hien. D’Ekipp vun ABC Cuisines besteet aus néng Leit a pro Joer verkafen an installéiere si ëm déi 300 Kichen. „Dat sinn der immens vill an dat Ganzt ouni Reklamm ze maachen. Mär liewe vill vu eise Clienten, déi eis hir Kolleegen oder Bekannte recommandéieren.“

Kompetitiv Präisser

E gudde Ruff genéissen si also, besonnesch well hir Präisser kompetitiv sinn. „Mär maachen ëmmer dee beschte Präis dee méiglech ass, ouni Ausnam. Jidderee soll sech kënnen eng flott Kiche leeschten.“ Dëst féiert dann och an all Spart vun der Gesellschaft zum Succès. „Eis Clientèle ass ganz gemëscht: vun einfache Leit déi net wäit vun eis wunnen, bis zu Promoteuren déi grouss Projete realiséieren.“ E flotte Bonus dovunner ass fir de Kim de Kontakt mat der Clientèle, wou hie vill interessant Leit kenneléiert.

E gudde Service

A punkto Offer, passt ABC Cuisines sech ëmmer dem Trend un. Sou fënnt ee bei hinnen dann och alles wat grad gefrot gëtt. Hir Spezialitéit ass laut dem Kim awer de Service um Client. „Mär sinn immens reaktiv. Net nëmmen an eisem Service après-vente, mee och virdrun. Mär maachen zum Beispill innerhalb vun zwee Deeg en Devis inklusiv Moossen huelen. Dat ass de Virdeel vun engem klenge Betrib, do geet dat.“ E grousse Stapel u Commande beim Kim um Büro, weist dorops hin, dass et am Moment vill Aarbecht gëtt. „Heimat si mär bis Mëtt nächst Joer beschäftegt“, seet hien. Fir dass dat alles klappt schafft ABC Cuisines och just op Rendezvous.

Just zu Esch

Hire Standuert zu Esch, gefält dem Kim ganz gutt. „Mär si scho laang hei a vill Leit kennen eisen Numm dowéinst. Anerer fuere laanscht eis a gesinn de Numm iwwert der Dier. Dat ass scho praktesch.“ D’ Communautéit zu Esch an d‘Solidaritéit ënnerteneen ass fir hien och e Bonus. „D’Escher halen zesummen an ënnerstëtzen och gäre lokal Betriber, wat natierlech flott fir eis ass.“ Ob et esou eng Communautéit och anzwousch anescht gëtt, dat ass schwéier soen. ABC Cuisines op allefalls, gëtt et just zu Esch.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom