Cimalux – Den Zement, aus deem net nëmmen Esch gebaut ginn ass

Cimalux – Den Zement, aus deem net nëmmen Esch gebaut ginn ass
Entrepreneuriat & Innovation

De Christian Rech schafft säit 23 Joer als Bauingenieur bei der Cimalux. Am Ufank war hie Bauberoder, haaptsächlech fir de Cliente vu Cimalux zur Säit ze stoen. Hautdesdaags ass hien och fir d’Public Affairs zoustänneg, en Deel vun der Aarbecht deen ëmmer méi wichteg gëtt. „Am Zäitalter vum Klimawandel, ass den CO2 dee bei der Hierstellung vun Zement entsteet natierlech en Thema, wou ee muss de Public an och déi ëffentlech Partner informéieren a beroden.“

Zement vun Esch

Cimalux ass eng Firma där hier Haaptaktivitéit doranner besteet Zement hierzestellen. Si ass 1920 aus bestoenden Zementfabrikanten kreéiert gi fir den Héichuewesand, de „Kräsi“, deen an der Stolindustrie ugefall ass, weiderzeverwäerten an dorausser am grousse Mooss Zement ze maachen. „De sougenannte Kräsi ass e Bestanddeel dee sech besonnesch gutt eegent fir Zement ze maachen. Et war also sënnvoll zu Esch eng Zementproduktioun op d’Been ze stellen“, erkläert de Christian.

Hautdesdaags gëtt de Klinker, e weidere wichtege Bestanddeel vun Zement, zu Rëmeleng hiergestallt an zu Esch, ënnert anerem zesumme mat Kräsi, zu verschiddenen Zorten Zement gemuel. Dës ginn an de Siloen, déi ee vun der Autobunn aus gutt gesäit, gespäichert.

Wat ass eigentlech Zement?

„Fir Beton ze maachen, brauch een Zement, Sand, Kies, a Waasser. Dobäi ass den Zement quasi de Koll deen dat Ganzt zesummenhält an dofir suergt, dass de Beton stabil ass. En huet awer och nach aner Zwecker“, seet de Christian. Sou gëtt en och nach an anere Baumaterialie benotzt, wéi zum Beispill Mortier, Botz, Schappen oder am Koll mat deene Plättercher geluecht ginn.

„Et ass also e villsäitegt Material wat an alle Beräicher vum moderne Bau benotzt gëtt. Ouni Zement, gëtt et keng modern Infrastruktur a keng grouss Gebaier. Dofir ass et och fir eist Land wichteg eng eege Source fir Zement ze hunn, fir net vum Ausland ofhängeg ze sinn.“ Dass esou e klengt Land wéi Lëtzebuerg eng eege Source an eng Zementfabrik huet, ass aussergewéinlech.

Eng Source fir Westeuropa

Sou kënnt den Zement vun Cimalux dann och am noen Ausland zum Asaz. Als Deel vum Grupp Buzzi Unicem aus Italien, deckt Cimalux souguer de franséische Marché mat of. „Am Verglach mam ganze Grupp, deen 11.000 Mataarbechter beschäftegt si mär immens kleng mat nëmmen 165 Employéen. Mee duerch eis Lag hei zu Esch, an duerch eis vill Sproochekentësser hu mär e grousse Virdeel“, erkläert de Christian.

Ee vun hire Mataarbechter ass souguer fir d’Vertriebsleedung vu ganz Westeuropa zoustänneg. Dëst ënnersträicht wat fir eng wichteg Roll esou eng vergläichsweis kleng Escher Firma spille kann.

Stabilitéit fir d’Zukunft

„D’Erweiderungsméiglechkeete vun eisem Steebroch op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz zu Rëmeleng garantéiert eis nach genuch Matière première fir déi nächst 150 Joer Klinker hierzestellen“, seet de Christian. Sou ass Cimalux op mannst an deem Sënn zolidd opgestallt fir déi nächst Joren. Awer och an anere Beräicher, gëtt mat vill Efforte fir d’Zukunft geschafft.

„Den Haaptchallenge sinn natierlech d‘CO2-Emissioune vun der Zementproduktioun. Do siche mär no ëmmer bessere Léisunge fir déi verbindlech Klimaziler vun der Regierung an der EU kënnen anzehalen. Mär sinn do ganz zouversiichtlech, ënnert der Bedéngung, dass de ganzen Bausecteur matzitt.“

Zu Esch gebaut

Als Firma wäert Cimalux och an Zukunft nach zu Esch verwuerzelt bleiwen, och wann sech d’Ëmfeld staark verännert huet. „Hei ware fréier nëmme Felder ronderëm an hautdesdaags si mär mëtten an der Industriezon, nieft Autosgaragen, aneren Entreprisen an net allzewäit vun de Wunnquartieren“, seet de Christian. Dass dat awer och Virdeeler fir d’Mataarbechter huet, ass dann erëm praktesch. Sou sinn si an der Mëttesstonn nëmmen e puer Minutte vun Escher Stadkär ewech.

„Ausserdeem ass et schéin zu Esch, besonnesch wann ee weess dass praktesch all Gebai wat gebaut ginn ass, mat eisem Zement gemaach ginn ass.“