Mystral Coiffure – Mat Leidenschaft fir de Beruff

Mystral Coiffure – Mat Leidenschaft fir de Beruff
Bien-être

De Massimo D’Amaro ass scho säit senge Joren als Léierbouf an der Escher Geschäftswelt ënnerwee. Deemools huet hie bei sengem Patron op der Nummer 38 an der Liberatiounsstrooss seng Léier an duerno seng Meeschterprüfung gemaach. Spéider, huet hien de Salon vu sengem fréiere Chef iwwerholl an 2008 ass hie mat sengem Salon geplënnert, vun der Nummer 38 op d’Nummer 60. D’Strooss ass déi nämmlecht bliwwen.

Méi Luminositéit

„Geplënnert si mär aus ville Grënn. Dat fréiert Lokal war gelount an hei konnte mär et kafen. Ausserdeem bréngt d’Lokal hei um Eck méi Luucht an de Salon“, erkläert de Massimo. Am groussen Espace vu Mystral Coiffure fillt een sech deemno direkt wuel. Wann d’Sonn dobausse schéngt, da schéngt se och heibannen. A genee do empfänkt de Massimo mat senger Ekipp d’Clientèle mat vill Häerzlechkeet: „Mär sinn oppe fir all Leit, all Alter, Hären, Damme, Kanner. Dat ass egal, mär coifféiere jiddereen.“

Speziell ausgebilt

Och wann si fir all Clientèle oppe sinn, huet d’Ekipp vu fënnef Mataarbechter am Salon „Coiffure Mystral“ awer och hir Spezialitéiten. „Besonnesch a punkto Faarwen a virun allem Mèchen hu mär vill Erfarung a si speziell ausgebilt“, seet de Massimo. Hie selwer war hei och op internationale Foiren an huet speziell Coursen doriwwer ginn. Dëst huet him gehollef Kontakter opzebauen. ZumBeispill mat spezialiséirte Produzente vun Hoerfaarwen zu Roum.

„Dat ass wichteg fir sech weiderzebilden an eng Bezéiung opzebauen. Et léiert ee vill vun deenen aneren an et kann een sech doduerch weiderentwéckelen.“

Exklusiv Produiten

A punkto Produkter, gräift de Massimo nëmmen op héich Qualitéit zeréck an exklusiv Labelen déi soss schwéier ze fanne sinn. „Wéi déi bekannte Marke bis iwwerall ze kréie waren, hu mär eis nei orientéiert fir eiser Clientèle eppes Extraes an Exklusives unzebidden. Dofir bidde mär elo Wuere vu Keune oder Kevin Murphy un. Dat sinn immens flott a gutt Marken.“ Dës Produkter fënnt ee laut dem Massimo a kengem Geschäft a just seele bei engem anere Straubejitzer.

Dobäi hu si alles wat et a punkto Hoerkosmetik esou gëtt an hirer Gamme. E weidere Pluspunkt fir Mystral Coiffure also.

E villsäitege Beruff

Dës Ännerungen, wéi zum Beispill an der Produktpalett, sinn et och déi de Massimo u sengem Beruff esou interessant fënnt. „Coiffeur sinn, ass en immens spannenden a kreative Beruff. Keen Dag ass genau wéi deen aneren. All Client(e) ass anescht, all Kapp, all  Hoer ass eng nei Aufgab.“ Och d’Moud entwéckelt sech ëmmer weider, sou dass ee laut dem Massimo, ëmmer um Dill bleiwe muss fir um neiste Stand ze sinn.

„Ech hunn an den 80er ugefaangen als Coiffeur. Do gesäit ee schonn e risegen Ënnerscheed am Laf vun der Zäit!“ Dem Massimo seng Leidenschaft fir de Beruff ass gräifbar, wann hien dovunner schwätzt.

Zu Esch doheem

De Massimo ass zwar eigentlech keen Escher, mee iergendwéi ass hien awer zu Esch doheem. „Ech komme schliisslech säit ongeféier 35 Joer all Dag heihinner schaffen“, seet hien dozou. Deemno kennt och bal jiddereen hien zu Esch an ëmgedréint kennt hien och vill Escher. Sou ass e groussen Deel vu senger Clientèle duerch Weidererzielen entstanen. Trotzdeem erhofft hie sech awer nach méi Succès fir Esch am Allgemengen.

„Ech wënsche mär dass am Summer vläicht méi gemaach gëtt fir dass d’Leit op Esch, an déi gréissten Akafsstrooss am Land, akafe kommen. Sou wéi fréier.“  A wien sech eng flott nei Frisur wënscht, dee weess wou en hi muss: an d’Liberatiounsstrooss. Sou wéi fréier.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom