Restaurant La Fiorentina – E Stéck Escher Gastronomiegeschicht

Restaurant La Fiorentina – E Stéck Escher Gastronomiegeschicht
Gastronomie

De Rocco Nezi ass säit 1982 an der Escher Gastronomie ënnerwee. Fréier huet hien och de Restaurant Kennedy an den Trevi gefouert, déi allebéid e gewësse Kultstatus haten. Deen een oder anere munkelt do wieren et fréier déi beschten Nuddelen an déi beschte Pizza ginn. Viru 15 Joer ass de Rocco awer mat sengem Restaurant geplënnert, an huet och deem säin Numm geännert: La Fiorentina. Kulinaresch Highlights sinn awer och hei um Start.

Selwer gemaach

Wat d’Leit um Rocco senger Kiche scho fréier begeeschtert huet, ass och haut nach seng Spezialitéit: hausgemaachten Deegwueren. „All Deeg, och dee fir d’Pizza, maachen ech selwer hei am Haus. Do gëtt net mat fäerdege Produite geschafft.“ Deemno charakteriséiren dem Rocco seng Platen sech och duerch déi vill Léift zum Detail an déi héichwäerteg Ingredienten, déi hien dobäi verschafft. „Fir eis Platen, huele mär nëmmen dat Bescht. Sou ginn zum Beispill déi vill verschidden Zosen fir d’Nuddelen hiergestallt.“

Ë bëssen Ofwiesslung

Eng aner Spezialitéit sinn dem Rocco seng Suggestiounen. „Déi änneren all zwou Wochen. Sou ginn et ëmmer nei Spezialitéiten z’entdecken.“ Wat dëst sinn, kann de Rocco awer net verroden, well hien sech ëmmer eppes Neies afale léisst. No sou ville Joren an der Gastronomie, ginn him d’Iddien och net aus. „Heiansdo sinn et Klassiker, heiansdo emol méi modern Saachen. „Polenta au salcicce“ ass zum Beispill ëmmer beléift a gëtt et och soss seelen hei am Land.“

Aner Platen wéi „Raviolis au noir de cèpes et sandre“, „Orecchiette aux cime di rape et salcicce“ oder „Magret de canard à l’ancienne“ ronnen d’Suggestiounen of.

Vill Erfarung am Beruff

De Rocco ass houfereg op déi vill Jore wou hie scho mat Succès e Restaurant bedreift an an der Kiche steet. Fréier waren et och zäitweis zwee Restaurante gläichzäiteg. „Eng Zäit laang hat ech de Kennedy an den Trevi parallel. Do hat ech insgesamt 40 Leit Personal.“ Dass awer net alles esou ass wéi fréier, weess hien och. „Fréier goufen et net esou vill Restauranten, haut ass op mannst een an all Duerf. An den 80er ware mär ee vun de wéinegen déi Pizza gemaach hunn.

D’Leit si vun iwwerall komm an do sinn am Dag scho mol 300 Pizzaen an den Uewe komm.“ Hautdesdaags sinn et éischter d’Pasta an aner Platen déi méi beléift sinn.

E Stéck Escher Geschicht

De Rocco ass awer ëmmer mat der Zäit gaangen an huet sech ugepasst. Vill Stammclienten déi och fréier bei hie komm sinn, kommen elo nach an de Fiorentina iessen. Si ënnerhale sech a kenne sech gutt. Och soss ass hien ëmmer ze hunn fir e Wuert mat de Clienten ze schwätzen, och wann hien si nach net kennt. „Et ass wichteg mat de Leit ze schwätzen och fir ze wëssen ob et hinne geschmaacht huet. E gudde Plat gëtt ëmmer d’nämmlecht gemaach, mee et léiert een ëmmer dobäi. D’Goûte vun de Leit änneren sech och.“

Ob hien de Beruff no sou laanger Karriär nach laang mécht, weess hien awer net. Obwuel sou richteg ophale well hien och net. Wien awer en historescht Stéck Esch schmaache wëll, sollt also onbedéngt deemnächst beim Rocco am La Fiorentina laanscht goen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom