Chocolaterie Lola Valerius – Kleng Konschtwierker, mat Léift gemaach

Chocolaterie Lola Valerius – Kleng Konschtwierker, mat Léift gemaach
Gastronomie, Shopping

Et gëtt wuel kaum een Escher deen d’Lola Valerius a seng kleng Konschtwierker aus Schockela nach net kennt. Säit Enn Mäerz 2021, begeeschteren d’Lola a seng Knippercher nämlech net nëmmen Esch, mee souguer dat ganzt Land. No senge Studien an der Architektur, hat hatt sech virun e puer Joer nei orientéiert a Richtung Patisserie, eng Entscheedung déi an Tëschenzäit sécherlech ville Leit gutt „geschmaacht“ huet.

En eegene Buttek

Fir d‘éischt huet d’Lola vill Erfarunge béi aneren experimentéierte Patissiere gesammelt. Dat war wichteg fir sech selwer déi néideg Experienz opzebauen. „Et war awer ëmmer kloer, dass ech wéilt mäin eegene Buttek opmaachen“, seet d’Lola. „An als Escher war et och kloer, dass ech menger Stad eppes wéilt zeréckginn. Esch huet enorm vill Potenzial an entwéckelt sech an déi richteg Richtung.“ De Fait, dass jonk Commerçante mat originellen Iddien sech hei zu Esch nidderloossen, ass sécherlech e wichtegen Deel vun dëser Entwécklung.

Labo, Buttek a Kaffisstuff

Dem Lola säi Buttek huet deemno och méi Funktioune wéi just de Verkaf vu senge Produiten. „Mäi Geschäft ass Labo, Buttek a Kaffisstuff an engem. Hei kann een natierlech eis Saache kafen, mee et kann een och duerch eng grouss Vitrinn nokucke wéi de Schockela hiergestallt gëtt“, erzielt d’Lola. A sengem „Labo“ ginn dann och néi Kreatiounen entwéckelt wann d’Lola u neien, geheime Rezepter feilt. „Déi entstinn oft am Alldag, wann ech e Produit gesinn a mär denken, dass een dat gutt kéint mat engem anere kombinéiere fir eng nei Knippchen ze maachen.“

Kleng Konschtwierker, mat Léift gemaach

Deemno kann ee beim Lola och ëmmer erëm nei Knippercher entdecken. Et ginn awer och nach aner Produiten. „Bei mär kritt een alles ze kafen, wat mat Schockela ze dinn huet: verschidden Tabletten, Nëss a Kaffisbounen iwwerzu mat Schockela, verschidden Zorte Schockelasbotter a Schockispudder. Mee den Highlight sinn natierlech eis faarweg Knippercher“, erkläert d’Lola.

Bei der Produktioun passt d’Lola och drop op, nëmmen déi bescht Ingredienten ze verschaffen, déi wa méiglech ëmmer lokal a saisonal sinn. Ausserdeem gëtt op Konservéierungsstoffer, kënschtlech Aromaen a Geschmaachsverstäerker verzicht. Och den Zocker probéiert d’Lola ëmmer op e Minimum ze reduzéieren.

Faszinatioun Schockela

Et ass dem Lola bei der Produktioun och wichteg de Produit ze respektéieren. „Ech fannen et soll een sech Zäit fir e gudde Produit huelen a raffinéiert Rezepter ausschaffe wou keng falsch Nouten dra sinn. An da muss den Design natierlech och stëmmen“, seet d’Lola. Dobäi entstinn dann déi flott Kreatiounen aus Schockela, déi jidderee begeeschteren, dee se eng Kéier geschmaacht huet D’Lola selwer ass vum Schockela als Matière Première faszinéiert.

„Mam Schockela sinn der Kreativitéit keng Grenze gesat an trotzdeem huet en seng eege Reegelen, un déi een sech strikt hale muss.“ Dat Wichtegst fir hatt ass awer d’Reaktioun, wann d’Leit seng Produite schmaachen: „D’Freed an den Ae vun de Clienten ass natierlech déi beschte Belounung.“

Stolz de Buttek zu Esch ze hunn

Dem Lola seng Clientèle beschreift hatt wéi e Puzzle: „Vun 0-99. An Tëschenzäit komme si aus dem ganze Land fir eise Schockela ze schmaachen; Fraen, Männer, Jonk an Al. Si alleguer verbënnt d’Léift zum Schockela.“ D’Escher Clientë verbënnt laut dem Lola virun allem hir Léift zu hirer Stad. „ Escher identifizéieren sech vill mat hirer Stad a ginn doduerch och gäre lokal akafen. Ech si stolz mäi Buttek kënnen zu Esch ze hunn, déi Stad wou ech doheem sinn an déi de perfekte Mix vu Kulturen, Leit, a grousser Stad mat klengem Duerf bitt.“

A wien de perfekte Mix vu Schockela a Leidenschaft fir de Beruff sicht, dee fillt sech och sécher bei Lola Valerius – Chocolaterie du Luxembourg –  doheem.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom