Ganzer siwe Weltbutteker ginn et zu Lëtzebuerg, dorënner och een an der Uelzechtstrooss zu Esch. Dëse gëtt vum Françoise Theisen-Kayser an dem Sophie Müller-Becret gefouert an zesumme mat hirer Ekipp vu Benevole suerge si hei fir e fairen Handel. Mee wourëms geet et eigentlech an engem Weltbuttek a wat genau ass fairen Handel?
E Buttek fir de fairen Handel
Am Weltbuttek kritt ee Wuere bei deene Partnerschaft, Dialog, Transparenz a Respekt grouss geschriwwen ginn. Dës Produite gi gréisstendeels iwwer manner Tëschenhändler un d’Geschäfter geliwwert an zu faire Präisser verkaf. Esou kréien d’Produzente vun de Wueren eng méi fair Remuneratioun fir hir Aarbscht. „Ausserdeem investéiert de Weltbuttek seng Beneficer och an nohalteg Projeten an Entwécklungslänner. Sou ënnerstëtze mär d’Leit dohannen iwwert déi zwee Weeër.“
Projete fir e gudden Zweck
Bei engem vun dëse Projete gett sech zum Beispill ëm Mikrokreditter fir verschidde Fraegruppen am Senegal an an Indien gekëmmert. „Sou kënnen an dësem Fall Maschinnen, Bitzcoursen oder Haushaltsdéiere finanzéiert ginn, déi de Leit op der Plaz den Alldag erliichteren an hinnen hëllefen hir Familljen ze ernären.“
Bei engem anere Projet, kréie jonk Fraen am Burkina Faso Wiewen, Bitzen a Fierwe bäibruecht. De Weltbuttek finanzéiert hei virun allem d’Wiefstill. Aner Projeten dréien sech ëm eeler Leit a Bolivien, en Internat am Peru, asw.
Wat kritt een dann ze kafen?
Dat faarwegt Assortiment u Wueren am Weltbuttek ass e richtegen Hikucker. Sou ginn et hei Iesswuere wéi Hunneg, Gewürzer a Kichelcher bis bei de berüümte Kaffi a Schockela. „Dat ass awer bei wäitem net alles. Mär hunn och vill flott Gezei aus dem fairen Handel, wat et soss zu Esch net gëtt“, seet d’Françoise. Do ass zum Beispill och Gezei fir Kanner dobäi.
Ausserdeem ginn et nach flott handwierklech Produkter, wéi handgemaache Schosselen, wou all Stéck en Unikat ass, Poschen a Portmonnien oder esouguer Fussbäll. Säit kuerzem fënnt een och eng ganz Kollektioun u fairer Woll am Buttek déi Leit déi gäre strécken dierft begeeschteren.
Fräiwëlleg fir eng gutt Saach
Fir déi vill flott Wueren ënnert d’Leit ze bréngen, këmmert sech eng Ekipp vu 40 Benevollen an hirer Fräizäit ëm de Weltbuttek. Just eng eenzeg Verkeeferin ass fest agestallt a steet vu moies fréi bis mëttes zwielef Auer hannert der Théik vum Geschäft. „Et ass eng flott Ekipp vun engagéierte Leit. Mär sinn hei konstant am Wiessel, sou dass ëmmer en anert Team am Buttek ass.“ Deemno bleift och ëmsou méi an der Keess iwwreg, wat ka fir e gudden Zweck agesat ginn.
Eng Beräicherung fir Esch
„Esch ass fir mech d‘Stad vun de kuerze Weeër. Et ass alles no beieneen an et kann ee vill mam Vëlo maachen. Et kënnt ee liicht mat de Leit a Kontakt an ech hu mech ëmmer hei wuel gefillt, obwuel ech ursprénglech net vun hei sinn“, erkläert d’Françoise. Fir si ass de Weltbuttek eng Beräicherung fir Esch, net nëmme wéinst der Qualitéit vun de Wueren, mee och well d’Konzept vum Weltbuttek gutt bei d’Stad Esch a seng Bierger passt. Do kann een nëmmen zoustëmmen an d’Benevole vum Weltbuttek sinn hirersäits natierlech och eng Beräicherung fir eis Stad.